Mouvement Ecologique a Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren"Geplangte Reform vu Restopolis ass eng verpasste Chance"

RTL Lëtzebuerg
45.000 Plate gi vu Restopolis all Dag an de Cafeteriaen a Kantinne vu Schoule verdeelt.
"Geplangte Reform vu Restopolis ass eng verpasste Chance"
45.000 Plate gi vu Restopolis all Dag an de Cafeteriaen a Kantinne vu Schoule verdeelt.

Dat ass e grousse Marché, deen et de Bauere kéint erméiglechen, op eng méi nohalteg Landwirtschaft ze setzen, esou de Mouvement Ecologique an d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren op enger gemeinsamer Pressekonferenz.

Kritik u Restopolis-Reform / Reportage Monica Camposeo

Am Gesetzesprojet, dee virgesäit, Restopolis als Verwaltung ëmzeänneren an ze reforméieren, wieren dofir awer net déi néideg Viraussetzunge verankert. Dem Mouvement Ecologique an de Jongbaueren no wier dat eng verpasste Chance. Et géing net genee genuch definéiert ginn, wat regional iwwerhaapt bedeit. Restopolis géing als Verwaltung ze vill Entscheedungsspillraum kréien. D’Ziler vu regionalem Iessen, dat och méi vegetaresch a vegan Varianten offréiert a mat biologesche Produite schafft, sollt awer verbindlech am Gesetzesprojet festgehale ginn an net ofhängeg vun enger Verwaltung sinn.

Dat géing och jonke Baueren eng Méiglechkeet ginn, méi wäit am Viraus ze plangen an déi néideg Investitiounen ze maachen, fir déi gefrote Produiten och unzebidden. D’Bauere wiere sécher bereet dozou, esou de Luc Emering, de President vun der Landjugend a Jongbaueren. Duerch de grousse Marché vun de Schoulkantinne géing de Secteur gesinn, dass sech d’Ëmstellung op eng méi nohalteg Landwirtschaft lount. Ma dofir misst dat awer och verbindlech an detailléiert am Gesetz stoen.

Der Blanche Weber vum Mouvement Ecologique no wier et eng Win-Win-Situatioun, wann d’Regierung d’Ziler fir méi Nohaltegkeet beim Schouliesse gesetzlech festhält. Kanner a Jonker hätte méi héichwäerteg Menüen, d’Bauere méi Planungssécherheet an d’Regierung kéint och séchergoen, dass d’Ziler erreecht ginn.

PDF: Stellungnam vum Mouvement Ecologique

Back to Top
CIM LOGO