NäerzengDräi Persounen, déi viru Policekontroll geflücht waren, goufe gestallt

Andy Brücker
Am Kader vun enger Policekontroll waren e Mëttwoch de Moien dräi Persoune geflücht. No enger grousser Sichaktioun konnten déi Flüchteg gestallt ginn.
© Laurent Weber

E Mëttwoch de Moien hate sech zu Näerzeng dräi Persounen enger Verkéierskontroll entzunn a ware geflücht. No enger grouss ugeluechter Sichaktioun konnten déi dräi Flüchteg awer lokaliséiert a gestallt ginn.

Wärend der Sichaktioun war et den Appell vun der Police, keng Persoune mam Auto matzehuelen a verdächteg Persounen an der Ëmgéigend vun Näerzeng um 113 ze mellen. D'Police huet sech duerno bedankt fir d'Mataarbecht vun der Populatioun.

Back to Top
CIM LOGO