Schreiwes vun OGBL an LCGBGëtt et en neien Depart vum Sozialdialog am Land?

Joel Detaille
D'Gewerkschaften haten e Mëttwoch eng Entrevue mam neien Aarbechtsminister Spautz.
© Screenshot

Gëtt et en neien Depart vum Sozialdialog am Land? Mat där Fro ass e gemeinsame Communiqué iwwerschriwwe vun OGBL an LCGB, déi sech e Mëttwoch eng éischte Kéier mam neien Aarbechtsminister Spautz fir eng Entrevue gesinn hunn.

No zwee Joer Sozialkonflikt kéint deem seng Nominatioun elo eng Opportunitéit sinn, schreift d’Gewerkschaftsunioun.
Iwwert eng ganze Rëtsch Sujete gouf dann och schonn eng Agenda vu Reunioune festgehalen, iwwert déi ee bilateral wéilt matenee schwätzen. Net zu 3, gëtt ënnerstrach, also ouni d’Patronat.

Ob OGBL an LCGB dann nees zeréck an de CPTE ginn, de Comité permanent du travail de l’emploi, ass iwwerdeems nach net kloer. Et verlaangt een, dass een am Kader vum Accord salarial fir d’Fonction publique, och mat an déi Gespréicher mat agebonne gëtt, well dësen och grouss Repercussiounen op de Privatsecteur hätt. Sollt dat net de Fall sinn, verlaangt een eng Reform vum CPTE, dee soss seng Credibilitéit géif verléieren.

Pressecommuniqué: Vers un nouveau départ pour le dialogue social au Luxembourg

Back to Top
CIM LOGO