Vum Findel op LeidelengGréisser Quantitéit Drogen zerstéiert

Luc Marteling
E schwéier bewaachten Transport gouf et en Dënschdeg vum Flughafe bei d'Anlag vun der Sidor.
Palletteweis Droge goufen en Dënschdeg vum Findel op Leideleng gefouert, fir do zerstéiert ze ginn.
© Administration des douanes et accises

En offiziellen Drogentransport – jo, esou kéint een dee Konvoi bezeechnen, deen en Dënschdeg vum Findel iwwer d’Autobunn op Leideleng gefuer ass. Transportéiert goufen nämlech déi Drogen, déi a leschter Zäit vun der Douane um Fluchhafen entdeckt a saiséiert gi waren an déi elo zerstéiert goufen, an den Anlage vun der Sidor.

RTL-Informatioune no soll et sech ëm net manner ewéi 24 Pallette gehandelt hunn, déi vun zwee CGDIS-Camionen transportéiert a vun der Police eskortéiert goufen.

“Mir kënne confirméieren, dass gëschter eng gréisser Quantitéit Drogen op der SIDOR zerstéiert gouf.”
Parquet Lëtzebuerg op RTL-Nofro

Vun offizieller Säit aus konnt oder wollt awer keen esou Detailer confirméieren. D’Police huet eis un d’Douane verwisen, déi wollt eis Froe schrëftlech kréien, huet déi dunn awer un d’Justiz weidergeleet an doropshin huet de Parquet confirméiert, datt en Dënschdeg “eng gréisser Quantitéit Drogen op der Sidor zerstéiert gouf”.

Detailer iwwer de Wäert vun den Drogen oder iwwer d’Aart a Weis, wéi se saiséiert respektiv confisquéiert goufen, waren op Silvester net méi gewuer ze ginn. Just esou vill: “Un där Aktioun ware souwuel d’Douane, d’Police, de CGDIS wéi och de Parquet Lëtzebuerg bedeelegt”, heescht et vun der Justiz.

Ëmmer erëm fënnt d’Douane jo um Findel Wueren, déi an d’Land solle geschmuggelt ginn oder déi de Grand-Duché sollen transitéieren, déi awer illegal sinn. Datt déi besonnesch musse bewaacht ginn, läit op der Hand. Och op hirem leschte Wee, well reegelméisseg gëtt et esou Transporter vum Findel bei d’Sidor, fir do illegal Wueren, an dësem Fall Drogen, ze zerstéieren.


Den 10. Dezember 2025 war offiziell iwwer eng gréisser Drogesaisie am November um Cargozenter vum Findel informéiert ginn:

Back to Top
CIM LOGO