
An der Rue Principale, net wäit vum Parking Duerfplaz, hätt e Méindeg de Mëtteg een Traffo, aus bis ewell ongekläerte Grënn, ugefaange mat brennen. Dat schreift d'Creos an engem Communiqué. Aus Sécherheetsgrënn wier den Traffo vum Reseau geholl ginn. D'Feier hätt séier kënne vun de Pompjeeën ënner Kontroll bruecht ginn.
De Stroumnetz-Bedreiwer schätzt, dass d'Problemer mam Elektresch bis 20 Auer misste behuewe sinn. Et géing awer dovunner ofhänken, wéi gutt a séier ee mat den Aarbechten op der Plaz weiderkënnt.