
Wéi de CGDIS mellt, goufe si géint 23:50 Auer wéinst engem Feier an enger Seeërei an der Stawelerstrooss zu Huldang geruff.
Nieft Pompjeeë vu Wolz, Ëlwen, Clierf, Wëntger a Wäiswampech waren och de Groupe d'appui technologique opérationnel (GATO) an de Groupe CBRN, also de Groupe d’intervention spécialisé contre les risques nucléaires, radiologiques, biologiques et chimiques, am Asaz.
Donieft war och eng Ambulanz vu Clierf op der Plaz, et blouf awer beim Materialschued.