
Wéi d'Police elo matgedeelt huet, louch de Fokus bei der grouss ugeluechter Kontroll, ob sech un d'Drogen- respektiv Immigratiounsgesetz gehale gouf. Am Ganze krute 40 Persoune méi genee op d'Fangere gekuckt an et goufen och e puer Verstéiss festgestallt.
Et goufen zwou Verwarnunge souwéi fënnef Protokoller wéinst Verstéiss géint d'Drogegesetz ausgestallt. Ënner anerem konnt dobäi och eng kleng Quantitéit Drogen, 3 Handyen a Boergeld séchergestallt a saiséiert ginn.
Eng Persoun krut donieft nach e Protokoll wéinst onerlaabtem Waffebesëtz. D'Police präziséiert, dass et sech hei ëm Pefferspray gehandelt hunn. Dëse gouf vun de Beamte saiséiert.
E Protokoll krut dann nach eng Persoun, géint déi e Verdacht op Heelerei besteet; et gouf een ugehalen, dee scho bei der Police gemellt war a véier weider Persounen hu missen hir Pabeiere virweisen.
Am Ganze ware bei der Kontroll 13 Policebeamten, 10 Douaniere mat och dräi Spierhënn a 7 CFL-Mataarbechter bedeelegt.