12 Polizisten am AsazGrouss ugeluechte Policekontroll op der Schueberfouer

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet dës Woch eng grouss Kontroll an den ëffentlechen Transportmëttel an op der Schueberfouer an der Stad duerchgefouert.
© Police

Am Mëttelpunkt stounge "Sécherheet, d'Policepresenz an d'Iwwerwaachung vun der ëffentlecher Uerdnung."

Am Ganze goufen 20 Persoune kontrolléiert.

Eng Persoun hat d'ëffentlech Uerdnung gestéiert a krut e Platzverweis. Well si der Uweisung net nogaangen ass, gouf si vun der Plaz ewechgeholl. Kuerz drop gouf dee selwechte Mann nees op där selwechter Plaz ugetraff a krut en zweete Platzverweis.

© Police

12 Polizisten aus der Regioun "Capitale" waren un der Kontroll bedeelegt.

Festnam no Vol aus engem Gefier an der Gare

Um Mëttwoch géint 6.30 Auer goufe bei engem Liwwerwon an der Rue Joseph Junck an der Stad e Rucksak an e Portmonni geklaut. D'Affer war grad amgaangen, Saachen aus dem Gefier ze lueden, wéi zwee Verdächteger d'Chauffersdier opgemaach an de Rucksak matgeholl hunn. Bei der direkt ageleeter Sichaktioun konnt ee vun de Verdächtege gefaasst ginn. De geklaute Rucksak gouf kuerz drop an der Rue de Reims erëmfonnt. D'Enquête huet erginn, datt de Verdächtege probéiert hat, mat de geklaute Kreditkaarten ze bezuelen.

Zwou Festnamen no Abroch zu Bouneweg

An der Nuecht op den 27. August huet eng Policepatrull géint 2 Auer zwee Männer an der Rue de Bonnevoie kontrolléiert. Am Kader vun den Ermëttlungen huet sech erausgestallt, datt kuerz virdrun an d'Kellerraim vun engem Wunnhaus an der Rue du Verger agebrach gi war. Bei enger Kierperkontroll goufe bei de Verdächtegen ënner anerem eng Zaang, Lieder- a Latexhändschen an e Kellerschlëssel fonnt, dee si beim Abroch matgeholl haten.

Back to Top
CIM LOGO