Kader-Formatioun vun der ArméiMilitärexercice op zivillem Terrain

Claude Zeimetz
D'Haaptmissioun fir déi zukünfteg Offizéier an Ënneroffizéier: Opklärung ze Fouss.
Zaldote bei enger Übung Ufank Januar an engem Bësch zu Lëtzebuerg.
Zaldote bei enger Übung Ufank Januar an engem Bësch zu Lëtzebuerg.
© Domingos Oliveira

Se hu sech richteg Wanternuechten erausgesicht. Am Kontext vun der Kader-Formatioun vun der Arméi sinn eng 30 Fraen a Männer den Ament zwou Nuechte laang an der Kielener Gemeng an Ëmgéigend fir e Militärexercice op zivillem Terrain ënnerwee. D’Haaptmissioun fir déi zukünfteg Offizéier an Ënneroffizéier: d’Opklärung ze Fouss. Mir hunn e Mëttwoch de Moie mam Directeur d’exercice um Härebierg en éischten Tëschebilan gezunn.

Grousse Militärexercice op zivillem Terrain zu Käerch - Reportage Claude Zeimetz

An dee fält no enger éischter Nuecht, bei anstännegen Minusgraden, fir den Instrukter Max Welfringer mol gutt aus. “Vill geschlof hu se bis elo nach net. Leider fir si. Mä jo eis Fraen a Männer hunn dann d’Nuecht duerchgeschafft. Dat heescht si hunn eng Briefingphas gehat vun 14h00 bis 18h00-19h00 an dunn um 19h00 si se dunn rausgaangen, hunn um Terrain geschafft an déi lescht sinn um 07h00 zréck an d’Kasär komm. Et ass nach kee Meeschter vum Himmel gefall, mä d’Lernkurv geet erop. An dat ass alles wat mir gären hätten.” Absolutt Zil wier eng qualitativ héichwäerteg Formatioun. Net nëmmen, mä natierlech och en vue vun de méi exigenten Nato-Ziler.

Zaldote bei enger Übung Ufank Januar an engem Bësch zu Lëtzebuerg.
Zaldote bei enger Übung Ufank Januar an engem Bësch zu Lëtzebuerg.
© Domingos Oliveira

Nieft militäreschen Trainingen sinn déi zukünfteg Zaldoten am Kader vun hirer Ausbildung reegelméisseg och dobaussen, am Zivillen also, ënnerwee. Dacks an der Belsch, mä eben och zu Lëtzebuerg. Iwwert den Daum gepeilt all Mount eng Woch grosso modo: “Dat kritt just net jiddereen ëmmer mat, well d’Empreinte vun deenen Exercicer ass net ëmmer déi selwecht. Dat heescht et ka sinn, datt eng Kéier 12 Dingoen duerch eng Uertschaft ginn, mä et kann och sinn, datt 30 Leit sech op Mountainbike-Weeër wärend der Nuecht aventuréieren, wou déi aner Leit léiwer virum Fernsee sëtze bleiwen. Wat ech ganz gutt ka verstoen.”

Grousse Militärexercice vun der Arméi op zivillem Terrain zu Käerch
Am Kontext vun der Kader-Formatioun vun der Arméi sinn eng 30 Fraen a Männer zwou Nuecht laang an der Käercher Géigend fir e Militärexercice um Terrain.

Mat derbäi bei deenen 30 Leit waren bei dësem Exercice och Dronen. Dronen, déi jo besonnesch am Ukrainkrich verstäerkt eng Roll spillen. Fir Lëtzebuerg awer absolut keen Neiland: “Mir hate schonn Dronen an deenen Engagementer déi mer virdrun haten. Wéi mir am Mali waren an och schonn am Kosovo , hate mir scho fréi Drone mat derbäi. An déi Expertise, déi dës Leit haten, do profitéiere mir elo, fir déi un déi nächst Generatioun weider ze ginn. An dat och permanent anzebannen.” Duerch déi geopolitesch Situatioun géif ee lo verstäerkt och duerchspillen, wéi ee sech virun Dronen effikass protegéieren a sech richteg camoufléiere kann. Am Kloertext: nach méi oppassen, fir net gesinn ze ginn. Den internationale Kontext géif awer zanter hir eng wichteg Roll an der Ausbildung spillen, déi natierlech och lafend ugepasst gëtt, sou nach de Max Welfringer.

E Mëttwoch den Owend um 20 Auer geet et dann nees raus an de Schnéi. Virdrun konnten déi zukünfteg Offizéier an Ënneroffizéier sech mol nees e bësschen opwiermen a Schlof nohuelen.

Back to Top
CIM LOGO