AasselbuerGrousse Succès vu Maislabyrinth trotz extreemen Temperaturen

Emmanuelle Schmit
Temperaturen iwwer 30 Grad an deene leschte Wochen hunn och een Impakt op vill Aktivitéiten do baussen. Sou hu verschidde Maislabyrinthe wéinst der grousser Hetzt missen zoubleiwen. Zu Aasselbuer ass dat awer net de Fall. Hei ass dëse Summer fir déi éischte Kéier e grousst Maislabyrinth entstanen op enger Fläch vu ronn 5 Hektar.

D’Labyrinth ass dëst Joer eng Première zu Aasselbuer. Samschdes a Sonndes kann een tëscht 10 an 18 Auer een Tour maachen, ma an der Woch geet dat nëmmen op Rendez-vous. Besonnesch un dësem Labyrinth ass, dass een aus der Vulleperspektiv véier Déiere vum Bauerenhaff erkenne kann. Et ass also net einfach nëmmen e Wee duerch d’Maisfeld, mee och eng Zort grousst Bild, dat sech eréischt vun uewe richteg weist. Do stellt sech natierlech d’Fro, wéi een esou ee Muster iwwerhaapt an de Mais rakritt. D’Pascale Hoffmann vun den Amis des longues Oreilles erkläert:

"Also dat ass, wa vill Leit beienee setzen, an da kënnt een op eemol op ganz komesch Iddien. Well mer dann eng Ferme Pédagogique hunn, an déi Déieren, déi an eisem Labyrinth dra sinn, gesäit een och bei eis am Haff. An du si mer op déi Iddi komm, fir esou eppes ze probéiere mat den Déieren dran. An da schaffe mer mat enger däitscher Firma zesummen, mir ëmkreesen d’Stéck mam Trakter, mam GPS, mer schécken deenen dat an, mat eisem Plang, wou mer gesot hunn, dat an dat hätte mer gären dran, an déi realiséieren eis dat dann. An herno weess dann d’Méimaschinn ganz genau, wat se mann muss."

Bei Temperaturen iwwer 30 Grad stellt sech och d’Fro, wéi gutt de Mais mat esou Wiederkonditiounen eens gëtt. D’Pascale Hoffmann geet dorobber an:

"Also am Maislabyrinth ass et wierklech, och wann hei baussen eng kleng Lëftchen ass, ass et bannendran trotzdeem wéi an enger Sauna - et ass richteg gutt waarm. Mee déi meescht Leit soen, et wier nach auszehalen. Also et sinn Leit, déi bréngen hir Fläsch selwer mat oder se bestelle sech bei eis eng, iert se eben starten. Plazeweis huet een e bëssi Schied, mee dat hänkt dovunner of, wéini ee kënnt a wou d’Sonn dee Moment steet."

De Kanner mécht d’Hëtzt awer wéi et schéngt näischt aus, sou wéi och dem 12 Joer ale Julien:

"Dat hänkt ëmmer dovun of, wéini ee kënnt. Also wann een ëm 12 Auer kënnt, ass et natierlech ganz waarm, awer wann ee méi spéit owes geet, da geet et eigentlech."

De Membere vum Club Amis des longues oreilles, déi d’Maislabyrinth organiséiert hunn, no hate si einfach Chance, well sech nach Waasser am Buedem gestaut hat, an et am Norden awer vereenzelt gereent huet.

Am Labyrinth erwaart een och ee klenge Rallye, bei deem een op verschiddene Statioune Froen iwwert den Bauerenhaff gestalt kritt. Wann een alles richteg huet, kann een och ee Schatz gewannen.

Generell sinn d’Organisateuren zefridden a kruten och scho gudde Feedback wéi och vun de Kanner.

Bei iwwer 30 Grad gëllt dobäi awer: genuch drénken, sech virun der Sonn schützen, an am Beschten net vergiessen, wou d'Sortie ass.

Back to Top
CIM LOGO