Zu Lëtzebuerg ginn et och dëst Joer Initiativen, déi grad op Chrëschtdag do sinn, wou se am meeschte gebraucht ginn. Eng dovun ass den “Noël de la Rue”, wou Gäscht och dëst Joer nees häerzlech empfaange goufen, dat bei groussem Undrang.
Zanter sechs Joer ass d’Brigitte Klein als Benevole mat dobäi. Fir si, mee och fir vill Visiteuren, ass den Noël de la Rue op Chrëschtdag net méi ewechzedenken. D’Iddi ass einfach: Leit, déi sech keng waarm Molzecht leeschte kënnen oder déi eleng sinn, zesummenzebréngen an hinnen d’Méiglechkeet ze ginn, sech ënnereneen kennenzeléieren. “Et ass schéin, well een déi Leit dann och mol nees erëmgesäit a kennt”, seet d’Brigitte Klein. “Wann een duerch d’Stad geet an déi Leit erëmkennt, ass dat schonn ergräifend.”
Am Tramschapp war d’Stëmmung entspaant a waarm. Et gouf gedanzt, gutt giess, vill geschwat a gelaacht - e puer Stonne laang ewech vun den Alldagssuergen. Fir vill Gäscht ass dat eng seelen Geleeënheet, Chrëschtdag net eleng ze verbréngen. “Mir hu keng Famill, dofir ass et flott fir d’Kanner, datt si och emol aner Leit gesinn a Chrëschtdag mat anere kënne verbréngen”, erkläert eng Mamm. En anere Visiteur seet: “Mäi Papp ass verstuerwen, meng Mamm lieft wäit eran an Däitschland. Ech hu keng Famill méi fir ze feieren. Ech kommen all Joer heihinner. Et ass eng super Ambiance, an et gëtt gutt z’iessen.”
Offiziell war en Donneschdeg fir 450 Leit gedeckt, 50 méi ewéi d’lescht Joer. Ma séier gouf kloer, datt nogerëscht misst ginn. Zanter Joren klëmmt d’Zuel u Gäscht. Eng Entwécklung, déi kaum verwonnert: Laut engem rezente Rapport vum Statec, riskéieren zu Lëtzebuerg bal 27 Prozent vun der Bevëlkerung an d’Aarmut ze falen.
Zuelen, déi och den Organisateur vum Noël de la Rue, de Léon Kraus, net kal loossen. Hien engagéiert sech schonn zanter 44 Joer fir dës Initiativ. “Ech gesinn haut esou vill Leit, déi e frout Laache verschenken an esou vill Leit, déi op dësem Dag net un hir Suerge wëllen denken”, seet hien. “Mee déi Suerge sinn dat ganzt Joer iwwer do. Ech hoffen, datt den Aarmutsplang, dee rezent presentéiert gouf, gräift an datt mer nach méi kënne maachen, fir d’Leit besser an eisen Alldag ze integréieren. Do bleift nach ganz vill Aarbecht.”
An eppes well de Léon Kraus och kloer stellen: “Et sinn net nëmmen Auslänner déi hei sëtzen. Et sinn enorm vill Lëtzebuerger déi de Mëtteg vun dësem Dësch hei profitéiert hunn.” Dat wichtegst Zil fir haut – sou ville Leit wéi méiglech e Laachen an d’Gesiicht ze zauberen – gouf op jiddwerfalls erreecht. Kuerz viru fënnef Auer koum och nach de Kleeschen, begleet vu sengen Engelcher. Kleng Cadeaue fir grouss a kleng Gäscht goufen et natierlech och.