"Politik ass net alles"Gutt Stëmmung um Neijoerschpatt vun der DP

Diana Hoffmann
E Patt fir d’Kolleeginnen a Kolleege gouf et vun der DP en Dënschdeg den Owend an der Disco Encore beim Bouillon. Bei engem Patt gouf op dat neit Joer ugestouss.

De ganze Sall vun der Disco war a bloem Liicht gehalen. Op enger klenger Leinwand um Enn vum groussen Zëmmer stoung déi eng Kéier “De Patt 2026", déi aner Kéier de Slogan vun der leschter DP-Campagne: “Well et ëm muer geet”. Wéi d’Rieden eppes no 19.30 Auer en Dënschdeg den Owend lassgaange sinn, war de Sall gutt gefëllt. Et huet ee sech scho mussen duerch d’Leit drécken. D’Musek am Hannergrond war kaum nach ze héieren.

De Generalsekretär a Kulturminister Eric Thill huet dann den Ufank gemaach. 2026 wier d’Joer: “Wou mer als Partei héich motivéiert sinn, weider d’Partei ze stäerken, nei Weeër ze goen, a virun allem eis Sektiounen, eis Leit um Terrain weider z’entwéckelen. An esou eis op d’Walen 2028/29 ze preparéieren.” Aus dësem Grond wéilt ee schonn Aarbechtsgruppe lancéieren, fir um Walprogramm ze schaffen, an en éischte Workshop zum Sujet Logement ze maachen. Eng weider geplangten Nouveautéit wier en Afterwork an alle Bezierker an en DP-Familljefest virun der Summervakanz.

Neijoerschpatt vun der DP / Reportage Diana Hoffmann

D’Parteipresidentin Carole Hartmann ass dann op dat Geleeschten agaangen. Als grouss Errungenschafte gouf den Aktiounsplang géint d’Aarmut an déi eenheetlech Steierklass ervirgehuewen. “De Moien huet d’Regierung wichteg gesellschaftspolitesch Reformen annoncéiert, déi d’DP-Handschrëft droen”, huet d’Carole Hartmann mat Referenz op déi geplangte Steierreform 2028 betount. Et hätt ee laang dofir gekämpft. Doriwwer eraus wieren awer nach weider Mesure virgestallt ginn, fir d’Eltere mat Kanner z’ënnerstëtzen. Zum Beispill d’Erhéijung vum Kannergeld an eng Upassung vun der Allocation de Rentrée scolaire an der Allocation de naissance. Da wéilt een awer och nach de Präis vun der Kannerbetreiung generell erofsetzen.

No knapp 10 Minutte war dann de Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel fir 8 Minutten un der Rei. Beim Neijoerschpatt géing ee sech ëmmer eng gutt Gesondheet wënschen. D’Gesondheet wier awer eppes, op dat een net dacks genuch géing oppassen. Eréischt wa se net gutt wier, géing ee mierken, wéi wichteg se wier. “Politik ass net alles. Sorry, wann ech domat ufänke, mee dat ass d’Realitéit”, huet de Minister betount. Et wier permanent geschriwwe ginn, d’DP wier schonn am Walkampfmodus, well d’DP wier iwwerall. “D’DP war ni néierens. De Fait, dass ee present ass bei de Leit, dat soll an der DNA vun de Politiker sinn”, sou de Xavier Bettel. D’Campagne “Well et ëm muer geet” wier e risegen Erfolleg gewiescht.

De Xavier Bettel huet et dann och net ausgelooss, ze betounen, wéi gutt hie mam Premier Luc Frieden auskéim. Am Regierungsrot géinge “keng Messer gewetzt ginn”, et géing een eens ginn an um Regierungsaccord schaffen. D’Welt wier imprevisibel wat d’Aussepolitik ugeet. D’Stäerkt vu Lëtzebuerg wier net seng Gréisst, net seng militäresch Stäerkt mee d’Fäegkeet, Brécken ze bauen.

Back to Top
CIM LOGO