
Sechs Dokteren aus dem CHL haten hire Confrère aus dem HRS denoncéiert, well dëse bei 10 Patiente soll onnéideg Operatiounen um Knéi gemaach hunn. Firwat ass dat net intern opgefall a wéi eng Méiglechkeeten huet ee Spidol, fir sécher ze goen, datt esou eppes net geschitt ? D’Marlène Clement huet beim Direkter vun der Spidolsfederatioun FHL nogefrot.
Virop kann ee Spidol d’Dokteren, déi do praktizéieren, net kontrolléieren, erkläert den FHL-Direkter, Sylvain Vitali, deen op den Deontologie-Kodex vun den Doktere verweist.
“Ech mengen, ee vun den Elementer vun der Beruffsethik an Deontologie ass jo ‘not to harm’, also dem Patient net schueden, an ech mengen dat bedeit da fir all individuellen Dokter sech ëmmer um héchste Stand vun der Wëssenschaft ze behalen. An och déi Recommandatiounen, déi evidence-baséiert sinn, och déi ze respektéieren.”
Woubäi et am Grand-Duché keng Obligatioun gëtt sech weiderzebilden. Den Dokter ass iwwert ee Contrat d’agrément un d’Spidol gebonnen, iwwer deen och seng Rechter a Flichte gereegelt ginn. Ma och wann et keng Kontrollmechanisme ginn, kann d’Direktioun vum Spidol d’Gespréich mat engem Dokter sichen, wann direkt e puer Reklamatiounen dee selwechten Dokter concernéieren, oder d’Personal eppes bemierkt.
“Dat heescht tëschent den Doktere kann eng Kontroll geschéien an natierlech gëtt et jo och per Gesetz de Collège Médical, deen eng Roll vu Surveillance ka spillen. A respektiv och eng Roll ka spillen, wat d’Formation continue vun den Dokteren ubelaangt.”
An dësem konkrete Fall waren et d’Confrèren aus engem anere Spidol, déi den orthopedesche Chirurg denoncéiert hunn. Den Direkter vun der Spidolsfederatioun schwätzt vun enger aussergewéinlecher Situatioun.
“Ech si lo iwwer 40 Joer am Gesondheetssecteur. Et ass déi éischte Kéier, datt ech esou eppes héieren, datt dat an der Ëffentlechkeet esou geschwat gëtt.”
Den temporär suspendéierten Dokter ka bis op Weideres net méi am HRS praktizéieren. Awer nach a senger Praxis, esou laang wéi e seng Autorisatioun, fir ze praktizéieren net och temporär entzu kritt.
Iwwer déi Decisioun kommunizéiert de Gesondheetsministère awer net ëffentlech.
Wéi bei all Enquête gëllt och an dësem Fall d’Présomption d’innocence, bis en Urteel vum Geriicht gesprach gouf.
De Fall ass nach a Prozedur an et gëllt d’présemption d’innocence. Dat sot d’Gesondheetsminsitesch Martine Deprez an der Chamber am Kontext vun der interner Suspensioun vun engem Chriurg bei den Hopitaux Robert Schuman. Den aktuelle Fall géif suivéiert ginn, genee wéi och schonn an der Vergaangenheet, wann eppes signaléiert gouf, huet d’CSV-Ministesch nach betount. Den eenzele Fall wier kee Beweis vun engem Qualitéitsproblem. Vill Etüde géife weisen, datt mer am internationale Verglach gutt opgestallt sinn.