
Den 23. November hu sech knapp 59 Prozent vun de Wieler zu Ierpeldeng-Sauer dofir ausgeschwat, datt d’Sondéierungsgespréicher iwwert eng Fusioun mat deenen aneren dräi Nordstadgemengen Dikrech, Ettelbréck a Schieren weidergefouert solle ginn. E Mëttwoch den Owend huet och den Ierpeldenger Gemengerot mat aacht Jo-Stëmme bei enger Enthalung eng entspriechend Resolutioun ugeholl. Ma virum Vott gouf et awer nawell Gegrommels vun der Oppositioun.
D’Resolutioun besteet aus 4 Punkten. Datt een Akt vum Resultat vum Referendum hëlt an op ee weidere Referendum an deene 4 Nordstadgemengen am Joer 2027 hischafft, domadder war jiddereen d’Accord. Ma d’Conseillere Max Blom, Laurent Lacour a Carlo Tessaro hu sech awer dorunner gestouss, datt et am Text zudeem heescht, datt een aktiv mat den Nopeschgemengen op eng Fusioun hischafft an een detailléierte Fusiounsprojet ausschafft. Wärend de Max Blom déi Präzisiounen iwwerflësseg fonnt huet, huet de Carlo Tessaro ënnerstrach, datt hien net matschaffe wéilt. De Laurent Lacour konnt net wierklech novollzéien, firwat een iwwerhaapt nach eng Resolutioun unhuele sollt.
“Ech menge mir hunn de 24. Juli gesot, datt jidderee sech géing a Richtung vun deem Referendum orientéieren, ech wäert dat maachen. Bei sou Saache wéi dat hei wäert ech awer ganz sécher net mat Jo stëmmen an och bei soss Saache wäert ech net op Jo iwwergoen, och wann 90 Prozent vun de Leit mengen, dat misst sou sinn oder si wären där Meenung, dofir sinn ech et net. Ech fille mech duerchaus bestäerkt mat 41 Prozent vun de Leit, déi mol net wollten diskutéieren, déi lo wollten ophalen, ouni mol nozelauschteren.”
De Laurent Lacour huet sech um Enn dann och enthalen. De Pol Michels, dee sech déi leschte Kéier enthalen hat, war zwar frou, datt de Referendum Kloerheet bruecht huet, ma mat Bléck op d’Walbedeelegung géing een awer gesinn, datt nach vill Iwwerzeegungsaarbecht ze leeschte wier.
“Wou ech wierklech erféiert sinn, ass, datt mer hei zu Ierpeldeng, an eisem gréissten Duerf, just 66 Prozent haten, déi hir Stëmm ofginn hunn. Bei deem dote Resultat, 59 zu 42, dat ass scho gesot ginn, dat ass eng Majoritéit an dat ënnerstëtzen ech och, mee mir mussen eis Hausaufgabe richteg maachen, well do si vill Leit, déi hiert Blat net ofginn hunn, déi nach zu zwou Säiten ze gewanne sinn.”
Am Schäfferot dierft een no der Sëtzung engersäits frou sinn, datt een elo méi een zolidd Mandat vum Gemengerot huet an anerersäits, datt méi kloer ginn ass, wien an Zukunft konstruktiv matschaffe wëllt, oder och net.