Op fréierem Site vun TankstellIwwer eng Tonn illegaalt pyrotechnescht Material zu Rouspert saiséiert

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg gouf de Parquet Dikrech vun der Police aus Iechternach informéiert, datt an enger ausser Betrib gesater Tankstell zu Rouspert illegal mat pyrotechneschem Material gehandelt gouf.
Police bei der Saisie vu pyrotechneschem Material um Méindeg
© Police

Eng grouss Quantitéit u Freedefeier a Sprengmaterial war do gelagert, ouni déi néideg gesetzlech Autorisatiounen, notamment d’„Commodo“-Genehmegung.

D’Lagerhal war net fir esou geféierlecht Material geséchert a louch an enger Wunnzon. Eng Enquête géint eng Persoun an eng Firma gouf agelaut wéinst Verstéiss géint d’Gesetz iwwer klasséiert Betriber an och wéinst Verdacht op Geldwäsch.

Bei de Policeaktioune goufe pyrotechnesch Géigestänn, Buchhaltung a finanziell Mëttel aus de presuméierte Verstéiss saiséiert. D’Operatioune goufen a Kooperatioun mat verschidde Police-Servicer an der Inspection du travail et des mines (ITM) duerchgefouert.

Am Ganze goufen 1.140 kg Material mat enger Explosivmass vu 197,3 kg a Sécherheet bruecht. D’Enquête leeft weider an déi betraffe Persoune gëlle bis zu engem definitiven Urteel als onschëlleg.

Back to Top
CIM LOGO