
Dat mellt den online Immobilien-Site at.home a senger rezenter Analyse vum leschten Trimester.
Bei neien Appartementer läit d’Moyenne aktuell bei engem Präis vu ronn 9.900 Euro de Meterkaree, also ronn 200 Euro méi wéi nach 2024. Bei eeleren Haiser läit de Verkafspräis aktuell bei ronn 6.000 Euro de Meterkaree, wat 300 Euro méi si wéi nach e Joer virdrun.
Et gëtt och eng relativ Präisstabilitéit bei de Loyeren, déi an der Moyenne fir en Haus bei ronn 3.300 Euro de Mount leien, iwwerdeems se fir en Appartement eng ronn 1.900 Euro affichéieren. Am meeschte sinn d’Loyere fir Haiser am Oste vum Land geklommen: iwwert ee Joer gekuckt nämlech ëm bal 12 Prozent.
D’Promoteuren, déi op at.home temoignéieren, gi fir dëst Joer mat enger progressiver Hausse vun der Demande aus, wat natierlech och mat engem Klamme vun de Präisser verbonnen ass, mee dat soll moderat ausfalen.