
De Wuerekuerf, dee fir dës Berechnunge benotzt gëtt, soll méi un déi haiteg Gewunnechte vun de Stéit ugepasst ginn, esou d‘Explikatioun vum Statec. Deemno kréien Ausgabe fir Energie a Liewensmëttel zum Beispill méi Gewiicht, wärend Servicer, wéi Restauratioun, Transport a Gesondheet e manner groussen Deel vun den Depensë vun de Stéit ausmaachen.
Nei mat am Wuerekuerf dran sinn iwwerdeems Soins à domicile, Liwwerkäschten, Streaming-Abonnementer oder d‘Oplueden Doheem vun Elektroautoen.