Wéinst Kris an d'Liewe geruffInstitut Viti-Vinicole feiert 100 Joer

Christian Schmit
Wéinst engem Parasit, deen d'Riewen ugegraff huet, gouf den IVV 1925 gegrënnt.
De Sëtz vum Institut Viti-Vinicole zu Réimech.
© Christian Schmit

IVV steet fir Institut Viti-Vinicole. Deen Institut, besser bekannt als Wäibau-Statioun, gëtt et elo schonn 100 Joer. Wat war den Ursprong a wat sinn hir Missiounen haut?

Aus enger Nout eraus gouf 1925 den Institut Viti-Vinicole an d’Liewe geruff. D’Rieflaus, déi aus Amerika importéiert gouf, hat hei am Land an uechtert Europa an de Wéngerten hiert Onwiese gedriwwen, wat zu enorme Schied gefouert hat. D’Rieflaus ass en Insekt, dat sech vun de Wuerzele un eise Riewen ernäert huet mam Resultat, dass d’Wéngerte no a no kapott gaange sinn.

100 Joer IVV / Reportage Christian Schmit

D’Léisung koum aus Frankräich: Et huet een Holz vun deenen amerikanesche Riewen, déi jo géint d’Laus resistent waren, op d’Wuerzele vun eise Riewe geprafft. Dofir huet een déi Hëlzer awer emol missten zesummebréngen an déi Planzen an eng Riefschoul setzen.

“An dofir si mir gegrënnt ginn. De Staat huet intervenéiert, well et war eng schwiereg Zäit nom éischte Weltkrich hei a Lëtzebuerg, ekonomesch net einfach, en plus de Misär am Wéngert. Den Institut Viti-Vinicole am Ufank mat dräi Leit, wou awer och déi jonk Wënzer aktiv gehollef, an hir Ausbildung hei kritt hunn am Beräich Düngen a Planzeschutz, awer och fir ze praffen a fir d’Riefschoul”, esou erkläert den Direkter vum IVV Serge Fischer.

Virun 100 Joer gouf et och e Probleem mam Wäi selwer. “Well et ware vill Wäin-Fälschungen um Marché. Wäin war deier an dofir ass gepanscht ginn, an déi europäesch Staaten hu séier erkannt, dass do eng Kontroll misst gemaach ginn. Dofir hu mir jo d’Marque Nationale 1935 agefouert. D’Wäin-KKontroll war nach ëmmer do an ass nach verstäerkt ginn. Net fir de Wënzer ze kujenéieren, mä fir de Wäin ze schützen.”

1970 koum dunn déi éischt europäesch Wäimaart-Uerdnung, wou déi national Reegelen, wat Wäin ass, op europäeschem Niveau harmoniséiert goufen. E Suivi mat méi Verwaltungsopwand, dee vum IVV assuréiert gouf.

Haut ass et e Labo, Berodung, an et ass och déi Plaz, wou eis Wäiner geschmaacht ginn, fir d’Appellation d’origine protégée. Eng nei Missioun kënnt 2026 dobäi. Synergië gi genotzt, Servicer fir de Wäibau, ginn och elo fir den Uebstbau ugebueden.

Den Institut Viti Vinicole ass entouréiert vu Wéngerten, wëll den Domaine de l’État ass och hei. “Jo. Den Domaine de l’État ass interessant, et ass ugaangen 1925, net als Wéngert, fir Wäin ze produzéieren, mee als ‘Unterlagen Gärten’, fir d’Holz ze produzéieren. Lues a lues ass dorausser den Domaine de l’État entstane mat zwou Missiounen: Wäin a Cremant ze produzéieren, fir d’Receptiounen an de staatlechen Administratiounen a Ministèren, awer och fir Versich ze maachen, mat méi robuste Riefzorten.”

Huet 1925 nach alles mat dräi Leit ugefaangen, schaffen haut 35 Persounen an der Wäibau-Statioun zu Réimech. Si ass dem Landwirtschafts- a Wäibauministère ënnerstallt.

D’Wäibau-Statioun zu Réimech, 1925 hat alles mat 3 Leit ugefaangen, haut schaffen der do 35, an et ass een dem Landwirtschafts a Wäibauministère ënnerstallt.

Back to Top
CIM LOGO