Invité vun der Redaktioun (12. Mee) - Jasmine Pettinger"Et däerf ee bei eis och eng aner Meenung hunn"

Carine Lemmer
En Dënschdeg de Moie waren de Mindestloun an d'Chancëgläichheet Theemen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Jasmine Pettinger
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

"Et däerf ee bei eis och eng aner Meenung hunn. Eis Stëmm gëtt respektéiert", sot d’Jasmine Pettinger en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview. Si ass déi nei Presidentin vun de Femmes socialistes. Dat ass d'Fraenorganisatioun vun der LSAP.

Et géif ganz vill Ënnerstëtzung vun der Partei kommen, déi ëmmer en oppent Ouer hätt. D'Jasmine Pettinger, déi och am Gemengerot zu Stengefort an am Nationale Fraerot engagéiert ass, huet Enn Mäerz d'Plaz vum Maxime Miltgen iwwerholl, déi Co-Parteipresidentin vun de Sozialiste ginn ass.

Ee vun hire Schwéierpunkten ass d'Chancëgläichheet. Dat géif net nëmme Fraerechter concernéieren, mä hätt zum Beispill och eppes mat faire Paien ze dinn.

D'LSAP freet 200 Euro méi Mindestloun. Dat wier eng realistesch Fuerderung an och manner wéi d'Gewerkschafte froen (300 Euro). Well et wier eng Realitéit, datt een zu Lëtzebuerg net ka vum Mindestloun liewen. Dës Hausse sollt an zwou Tranche kommen, fir esou d'Betriber net ze staark ze belaaschten.

Dacks wären et och Fraen, déi a manner gutt bezuelte Beruffer schaffen, déi Deelzäit schaffen oder elengerzéiend sinn. Do misst een usetzen, well et kéint net sinn, datt um Enn vum Mount keng Sue méi do wären, fir de Frigo ze fëllen. Deemno wär et pertinent, datt een als sozialistesch Partei déi Fuerderung géif stellen.

Frae verdéngen haut och nach ëmmer manner, net wat de Bruttoloun pro Stonn ugeet, mä wat d'Joresakommes ugeet. Dat selwecht gëllt fir d'Primmen oder d'Verwaltungsréit. Et wär eng grouss Erausfuerderung, fir a sou e Gremium ze kommen. Dowéinst wier et wichteg, fir iwwerall vu Paritéit ze schwätzen.

Och fir méi Egalitéit am Sport setzt d'Jasmine Pettinger sech an. Grad wéi, datt méi Frae sech an der Politik engagéieren. D'Femmes socialistes proposéieren och “Net-working” mat Mentoring hannendrun, fir jonk Fraen z'ënnerstëtzen.

Invité vun der Redaktioun: Jasmine Pettinger

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO