
Den 1. Oktober 2010 huet de Banquier a Sexualverbriecher Jeffrey Epstein e Mail un de Banquier James “Jes” Staley weidergeschéckt, wou dra rieds ass, datt den Epstein de Lëtzebuerger Ausseminister an eng Rei vun aneren deemolege Vertrieder vun enger gudder Dose Staate kéint perséinlech treffen. Wien dem Epstein d’Mail geschéckt huet, ass net gewosst.
De Jean Asselborn seet, hien hätt de Numm Epstein eréischt héieren, ewéi deen a senger Zell 2019 gestuerwen ass.
An de Mailen tëscht dem Epstein, dem Staley, an anere Banquieren, geet et haaptsächlech ëm Geschäfter a Rendez-vousen mat Personalitéiten.

Den Jeffrey Epstein gouf wéinst massivem Mëssbrauch vu Fraen, dorënner och Mannerjäreger, verurteelt. Well hien ganz enk Reaktioune mat enger Rei Perséinlechkeeten hat, dorënner dem aktuellen US-President Donald Trump, huet de Kongress decidéiert, datt all Akten iwwert den Epstein solle verëffentlecht ginn. E Freideg war d’Deadline, mee den US-Justizministère gëtt ferm kritiséiert, well vill Dokumenter a Biller deels oder ganz geschwäerzt sinn.
Den zoustännege Ministère verséchert, e géing net den Trump wëlle schützen, mee d’Affer, déi eventuell am Material kënnen opdauchen.
D’Biller beweisen net automatesch e Verbriechen, mee den Trump ass trotzdeem schéi gehäit. Nom Doud vum Epstein a senger Zell 2019 an nodeems den Trump nees President gouf, huet den Trump den Epstein ëmmer nees als “Creep” bezeechent, also degueulasse Mënsch. A sengen Ae misste Reporter sech op seng Erfolleger als President konzentréieren. D’Reporter dinn him dee Gefalen natierlech net. D’Demokraten an eng Rei Republikaner och net.