Policeasaz zu KietschtJugendleche blesséiert bei Accident mat E-Scooter, dee méi séier wéi erlaabt fiert

RTL Lëtzebuerg
Vun e Mëttwoch op en Donneschdeg hat d'Police zwee Asätz, an déi Jugendlecher verwéckelt waren.
Zwou Persounen op enger E-Trottinett.
Zwou Persounen op E-Trottinetten.
© Tricky_Shark en Shutterstock

Wéi d'Police schreift, koum et géint 16:30 Auer e Mëttwoch zu engem Accident mat engem E-Scooter an der Rue d'Arsdorf zu Kietscht. Ee Jugendleche war mat enger E-Trottinett ënnerwee an huet dobäi e puer Mol no hanne gekuckt, wouduerch den E-Roller un d'Schwanke koum an de Chauffer op de Buedem gefall ass. De Blesséierte gouf op der Plaz medezinesch versuergt a koum fir eng Kontroll an d'Spidol.

Bei der Iwwerpréiwung vum E-Scooter hunn d'Poliziste festgestallt, datt dëse bis zu 45 Stonnekilometer fuere kann - méi wéi erlaabt. Op Uerder vum Parquet gouf den E-Scooter saiséiert, grad ewéi den Handy vum Jugendlechen. Weider Ermëttlunge goufe lancéiert an e Protokoll geschriwwen.

Alkoholiséiert mam Auto gefuer

Géint 5 Auer en Donneschdeg de Moie war de Police dann nach e Grupp Jugendlecher an der Izeger Strooss zu Bouneweg gemellt ginn, déi bei engem Auto stéingen. Op der Plaz konnten d'Beamten de Grupp untreffen. Op Nofro huet ee vun hinnen dementéiert, mam Auto gefuer ze sinn. Well de Motor, d'Pneuen an d'Bremsen awer nach waarm waren, gouf de Mann domat konfrontéiert. Doropshin huet hien zouginn, mam Auto gefuer ze sinn, obwuel hien Alkohol gedronk hat. Den Test war deementspriechend positiv. Hie krut e Fuerverbuet a muss e Protokoll bezuelen.

Back to Top
CIM LOGO