Police sicht no ZeienJugendlechen zu Keel ugestouss a liewensgeféierlech blesséiert - Chauffer flücht

RTL Lëtzebuerg
Géint 3:30 Auer an der Nuecht op e Sonndeg koum et tëscht Keel a Schëffleng zu engem schroen Accident.
© RTL-Grafik

Géint 3:30 Auer an der Nuecht op e Sonndeg koum et tëscht Keel a Schëffleng zu engem schroen Accident.

Um CR166, kuerz virum Agang vu Keel, si géint 3:30 Auer zwee Jugendlecher zu Fouss ënnerwee gewiescht, wéi bemol een Auto, deen aus der Richtung vu Schëffleng koum, ee vun den zwee Jugendleche gepaakt huet. Obwuel en e Mënsch ugestouss a liewensgeféierlech blesséiert hat, ass de Chauffer vum Auto einfach a Richtung Keel weidergefuer.

De Jong gouf liewensgeféierlech blesséiert a koum direkt an e Spidol. Wärend dem Asaz huet d'Streck tëscht Keel a Schëffleng komplett misse gespaart ginn.

Éischten Erkenntnisser no soll et sech beim Fluchtauto ëm ee Won vun der Mark Hyundai, Modell i10, handelen, heescht et vun der Police. Den Auto wier warscheinlech hellgréng an de Won kéint op der Bäifuerersäit beschiedegt sinn.

Wien iergendeppes vum Accident gesinn huet oder Informatiounen zum Fluchtauto huet, ass gebieden, sech direkt bei der Police ze mellen. Dat ënnert dem Noutruff 113 oder per Mail u Spj.ip@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO