ZeienopruffKand zu Peppeng ugestouss: Police sicht no wäissem Auto mat däitsche Placken

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg krut eng Automobilistin an der Rue de Crauthem e Kand mat hirem Gefier ze paken. D'Police sicht an deem Fall no Zeien.

De 4. Juli 2022 sinn Eltere mat hire Kanner géint 16.10 Auer iwwert en Zebrasträife gaangen. Deen Ament gouf ee vun de Kanner vun engem Auto erfaasst an um Fouss blesséiert. D’Automobilistin, déi aus Richtung Krautem koum, ass kuerz stoe bliwwen, ma doropshin direkt weidergefuer, obwuel si vun engem Aenzeien op den Accident ugeschwat gouf.

Beim Gefier handelt et sech Zeienaussoen no ëm e wäissen Auto, ongeféier sou grouss wéi e VW-Golf, mat däitsche Placken, déi mat “ST” ufänken. D’Fra soll tëscht 60 a 70 Joer al sinn a schëllerlaang, wäiss Hoer hunn.

Informatioune si fir d’Police Réiserbann ënnert der Nummer (+352) 244 61 1000 oder per E-Mail op police.reiserbann@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO