
Zanter enger gudder Woch scho sti virun der Entrée vun Ampacet an der Zone industrielle zu Diddeleng dräi gréisser Zelter. Et gëtt gestreikt, well keng Eenegung mat der Direktioun fir en neie Kollektivvertrag konnt fonnt ginn.
Bis haut hätt een näischt vun der Direktioun héieren, sot de Stefan Osorio vum OGBL. Dat wier du jamais vu zu Lëtzebuerg. Den Alain Rolling vum OGBL sot dann, dass een dem Aarbechtsminister Georges Mischo an och dem fréieren Aarbechtsminister Georges Engel an Dan Kersch Merci seet, dass si d’Behuele vun der Direktioun condamnéiert hunn. D’Gewerkschaft fuerdert awer och, dass wann d’Situatioun esou bleift, den Aarbechtsminister intervenéiert: "(...) an dann Ampacet drun erënnert, dass et e Lëtzebuerger Sozialmodell gëtt”, sou den Alain Rolling. Ampacet géif schliisslech ëffentlech Hëllefen a schwéieren Zäite kréien, wat ee begréisst, mee da kéint ee sech bei Verhandlungen awer net daf stellen.
D’Moral vun de knapp 70 Grèvisten, déi am Roulement vun hire Schichte ronderëm d’Auer op der Plaz sinn, wier gutt, sot d’Presidentin vun der Personaldelegatioun vun Ampacet, d’Saliha Belesgaa. D’Mataarbechter géinge sech besser kenneléieren an zesummegeschweesst ginn. Ënnerstëtzt gi si och all Dag vu weidere Leit vum OGBL.
Och d’Solidaritéit aus der Bevëlkerung wier grouss. Op engem Spendekonto fir d’Grèvisten hätt ee bis elo scho kënne 16.000 Euro sammelen. Ëmmer erëm géinge Leit laanscht kommen an Holz fir e Feier, fir sech waarm ze halen, bréngen, oder Mëtschen. An och e Méindegmoie wärend der Pressekonferenz an engem vun den Zelter hunn ëmmer nees Camionneuren an Autofuerer beim Laanschtfuere getut, fir hir Solidaritéit auszedrécken.
“Et ass un der Direktioun, fir d’Dieren nees opzemaachen. Soss maache mir se op”, sot den Alain Rolling. Dëst klengt engersäits no enger Menace, anersäits awer och nom Wonsch, endlech nees un den Dësch ze kommen, fir eng Léisung ze fannen. Bis zu dësem Ament steet, op d’mannst e Méindeg, trotz Schnéi a Minusgrade fest, dass een net wäert vun der Plaz réckelen. A wann et néideg ass, och nach op aner Plaze wäert streike goen.
D’Direktioun vun Ampacet huet e Méindeg den Owend dann och schrëftlech op d’Kritik vum OGBL reagéiert a léisst verschidde Reprochen net gëllen. Esou wieren d’Paien net op de legale Minimum reduzéiert ginn. Déi lescht Propos vun der Ampacet-Direktioun wier och däitlech méi héich gewiescht, wéi d’Gewerkschaft géif soen.
D’Direktioun géif och all Salarié respektéieren, dee vu sengem Streik-Recht Gebrauch mécht. Diffamatioun an Aschüchtere vu Personal, dat net wëll streiken, kéint een awer net toleréieren.
Dernieft géif d’Entrée zum Site blockéiert ginn, trotz enger juristesch Decisioun déi dat géif verbidden.
Objet : Communiqué de presse - Mise à jour sur la situation actuelle chez Ampacet Luxembourg
Même si Ampacet s’abstient généralement de publier des communiqués de presse sur des aspects sociaux touchant à l’entreprise, nous estimons nécessaire de rectifier les nombreuses fausses affirmations au sujet des discussions sur les conditions de travail actuellement applicables au sein de notre usine de Dudelange. Contrairement aux informations qui ont été publiées, nous tenons à préciser que nous n’avons pas engagé des travailleurs intérimaires depuis le début de la grève et que nous n’avons pas non plus réduit les salaires de notre personnel au minimum légal. Depuis le mois de mars de cette année, Ampacet a entamé des négociations de bonne foi, dans le respect du Code du travail luxembourgeois, avec les organisations syndicales en vue de renouveler notre convention collective.
Malgré les efforts et les négociations, qui ont également impliqué l’assistance de l’office National de Conciliation (ONC), un accord n’a pas été trouvé, ce qui a conduit Ampacet à demander la non-conciliation. Il est essentiel de souligner que l’offre finale présentée par Ampacet à l’ONC est nettement plus élevée que ce qui a été rapporté dans les médias par l’OGBL. Les ajustements proposés et les avantages supplémentaires ont été offerts en plus des avantages dont bénéficient déjà tous les salariés.
Nous respectons également tout salarié qui choisit d’exercer son droit de grève, mais nous ne pouvons tolérer les actes de diffamation, d’intimidation et de comportement illégal de quelque nature que ce soit. Malheureusement, les presque 30 % de nos salariés qui ont choisi de ne pas faire grève font l’objet d’intimidations et d’agressions verbales lorsqu’ils se rendent au travail. En outre, nos fournisseurs et nos clients sont bloqués à l’entrée du site, en dépit d’une décision de justice qui interdit expressément un tel refus d’accès à nos locaux. Nous encourageons l’OGBL à veiller à ce que le droit de grève soit exercé de manière pacifique.
Conscients des conditions de marché difficiles en 2023, qui ont eu un impact significatif sur Ampacet Dudelange, et reconnaissant que les perspectives de croissance économique en Europe pour 2024 restent tout aussi difficiles, nous poursuivons nos plans visant à augmenter les possibilités de production de couleur sur le site de Dudelange. Cela démontre la résilience et le dévouement d’Ampacet envers notre usine de Dudelange, envers nos salariés et envers le Luxembourg.