
Géint 16:40 Auer ass et zu engem Busaccident zu Rippweiler komm. De Bus ass hannert engem Rond-point vun der Strooss komm an an de Gruef gefuer an do och un d'Stoe komm. Wei de Pressebüro vun der Police op Nofro sot, ware keng Passagéier am Bus. Wei et zum Accident koum, wier den Ament nach net gewosst.