
An der Stroossbuerger Strooss am Garer Quartier hat d'Police e Mëttwoch de Moie géint 6 Auer e Mann fonnt, dee staark um Ënneraarm geblutt hat. Si hunn Éischt Hëllef geleescht an d'Wonn versuergt ier e fir weider Behandlungen an e Spidol koum. Ermëttlungen zu de geneeën Hannergrënn goufe lancéiert.
Owes koum et dunn zu engem Policeasaz no der Coupe-de-Luxembourg-Qualifikatioun tëschent Veianen a Reisduerf. Nom Match, dee Reisduerf mat 3:2 gewonnen hat, koum et zu enger Kläpperei tëschent e puer Spiller. Éischten Informatiounen no sinn nom Schluss vun der Partie zwee Spiller uneneegeroden, woubäi een deem anere mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen huet. Am weidere Verlaf ass e weidere Spiller engem Géigespiller mat den Däpp vu senge Schong an d'Broscht gesprongen an huet dëse blesséiert. Och hei huet d'Police eng Enquête lancéiert.
Dee selwechten Owend hat eng Policepatrull am Beräich vun der Kierch zu Bouneweg et mat enger alkoholiséierter Persoun ze dinn, déi de Beamten no enger Kontroll ëmmer méi no komm ass an Opfuerderungen, Ofstand ze halen, ignoréiert huet. Nodeems de Mann eng Handbeweegung mat geballter Fauscht a Richtung vun de Poliziste gemaach huet, gouf en an eng Ausniichterungszell bruecht.
Zu Dippech krut d'Police kuerz duerno eng Kläpperei tëscht dräi Persounen op der Lëtzebuerger Strooss gemellt. Ee vun hinne konnt méi spéit am Beräich vun engem Akafszenter zu Bartreng fonnt ginn, woubäi och hei kloer war, datt en ze vill gedronk huet. E wier onkooperativ gewiescht an hätt staark Stëmmungsschwankunge gewisen. Och hie koum an eng Ausniichterungszell nodeem en ëmmer nees op d'Fuerbunn getierkelt ass an eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet. An Zesummenhang mat der Kläpperei zu Dippech gouf iwwerdeems och e Protokoll erstallt.
E weidere staark alkoholiséierte Mann, deen an d'Ausniichterungszell bruecht gouf, mellt d'Police dann an der Nuecht op en Donneschdeg am Beräich vun engem Nuetsclub an der Avenue de la Faïencerie an der Stad. Wärend enger Prozedur goufe Policebeamte permanent vun him gestéiert a beleidegt, doriwwer eraus konnt de Mann sech kaum op de Been halen an huet misse medezinesch ënnersicht ginn.