Ee BlesséiertenKläpperei tëscht zwee Männer an den Dusche vum Prisong Uerschterhaff

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg am Nomëtte koum et géint 16:35 Auer zu engem Tëschefall am Prisong Uerschterhaff zu Suessem.
Den Uerschterhaff zu Suessem
Den Uerschterhaff zu Suessem
© Sam Bouchon

Wéi d'Police matdeelt, wier et an den Dusche vum Prisong zu enger "kierperlecher Ausernanersetzung" tëscht zwee Prisonéier komm. Éischten Erkenntnisser no wier de Sträit tëscht den zwee Männer ausgebrach, well ee vun hinnen d'Duschen net hätt wëlle verloossen.

Et koum zu enger Kläpperei, an där ee vun den zwee Männer iergendwann gefall ass a sech dobäi am Gesiicht blesséiert huet. De Mann koum fir d'Behandlung an e Spidol an de Virfall gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO