Queesch duerch d'LandKnapp 110 Policeasätz wéinst Kläppereien, Streidereien oder well d'Nuetsrou net agehale gouf

RTL Lëtzebuerg
Nawell vill ze dinn, hat d'Police an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg.
Symbolbild
Symbolbild
© Police

Ronn 110 Mol huet d'Police missen ausrécken, well sech d'Leit de Batti gestallt hunn an dat queescht duerch d'Land. Et koum zu Kläppereien, et gouf gestridden a géint d'Nuetsrou verstouss. An de meeschte Fäll hat sech d'Situatioun scho berouegt, ier eng Patrull ukoum oder et konnt op der Plaz gekläert ginn.

Géint 2 Auer gouf eng Persoun an engem Café an der Rue de Neudorf am Neiduerf gemellt, déi d'Personal menacéiert hätt. D'Beamten, déi alarméiert gi waren, konnten de Mann nees calméieren.

Da gouf et och nees eng Alkoholkontrollen op Uerder vum Parquet, dëst e Freideg um 22:30 Auer zu Izeg, an der Nuecht op e Samschdeg um 00:30 Auer an der Stad um Boulevard de Kockelscheuer an eng Zweet um 02:30 och an der Stad um Boulevard du Dr. Chaarles Marx.

Am Ganze goufen 118 Automobiliste gestoppt, och ouni Indice op en Alkoholkonsum. An 8 Fäll war den Test positiv an et gouf protokolléiert. Kee krut de Permis ewechgeholl. DA waren et nach aner Opfällegkeeten: 3 Mol gouf sech net un de Code de la Route gehalen a 4 Mol war eppes un engem Gefier net an der Rei.

Back to Top
CIM LOGO