
Dat ass e Plus vun iwwer 50% par Rapport zu 2019, éier et duerno duerch d'Corona-Restriktiounen en Abroch an de Chiffere gouf.
De Camping-Secteur huet sech nees gutt erholl zanterhier: sou goufen op de Lëtzebuerger Camping-Sitten zejoert ronn 1,3 Milliounen Iwwernuechtunge gezielt, wat en Drëttel méi ass, wéi 2019. Dat schwätzt fir d'Attraktivitéit vun de Lëtzebuerger Campingen, déi keen Nische-Secteur méi sinn, mee e Wuesstemsmoteur fir d'Tourismus-Branche.
Sou huet et och de Wirtschafts- an Tourismusminister Lex Delles gesinn, deen dëser Deeg de Salon CARAVAN zu Düsseldorf besicht huet - eng Foire, déi all Joer iwwer 260.000 Visiteuren unzitt a wou och Lëtzebuerg mat engem Pavillon vertruede war. Den Akzent louch do um Potential vun der Vakanzendestinatioun Lëtzebuerg an de Secteuren Trëppelen, Cyclissem, Camping a Caravaning.