
Den Accident war kuerz viru 5 Auer, wouduerch et och zu Zéifloss am Moiestrafic komm ass. Am Trafic-Info war um Méindeg de Moien ze liesen, dass en Auto op der Kopp gelant wier. Am Bulletin vum CGDIS ass ze liesen, dass zwee Autoen anenee gerannt wieren. Eng Persoun gouf verwonnt.
Op der Plaz ware Pompjeeën aus der Stad a vun Nidderaanwen-Schëtter, grad ewéi eng Ambulanz aus der Stad.