
De CGDIS huet en Dënschdegnomëtteg op de Stroossen uechter d'Land eng Rei Accidenter gemellt kritt.
Géint 16:30 Auer goufen op der A6 a Richtung Arel zwou Persoune verwonnt, nodeems e Moto vun engem Auto ëmgerannt gouf. D'Ambulanze vu Miersch an aus der Stad, sou wéi de Samu an d'Pompjeeën aus der Stad waren an den Asaz geruff ginn.
E weideren Accident op enger Autobunn gouf et nëmmen e puer Minutte méi spéit op der A1 a Richtung Tréier. Zwee Autoe sinn hei aneneegerannt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. D'Ambulanz vu Beetebuerg an d'Pompjeeën aus der Stad sinn op d'Plaz komm. Donieft gouf op der A1 Richtung Tréier och nach ee Vegetatiounsbrand gemellt, ëm dat sech d'Pompjeeë vun Hesper gekëmmert hunn.
Eng Kollisioun tëscht zwee Autoe gouf et dann nach zu Zolwer an der Rue Metzerlach. Eng blesséiert Persoun krut Hëllef vun de Rettungsdéngschter vum SaDiff.