Nom Doud vum Paul HelmingerKondolenzbuch vum 22. bis den 23. Abrëll an der Märei ausgeluecht

RTL Lëtzebuerg
Déi Bierger a Biergerinnen, déi dem Verstuerwene gedenke wëllen, kënnen dat en Donneschdeg an e Freideg maachen.
© RTL Archivbild

No der traureger Nouvelle leschte Samschdeg, dass de fréieren DP-Deputéierten, Stater Buergermeeschter a Chef de Cabinet an der Regierung Thorn, de Paul Helminger, gestuerwen ass, deelt d'Stad Lëtzebuerg e Mëttwoch de Moie mat, dass ee Kondolenzbuch an der Märei ausgeluecht gëtt, fir all déi Bierger a Biergerinnen, déi dem Verstuerwene gedenke wëllen. An dat en Donneschdeg 22. Abrëll tëscht 14 an 18 Auer an e Freideg 23. Abrëll de ganzen Dag vun 8 bis 12 Auer an nach emol vun 13.30 bis 18 Auer.
 
E Freideg ass och eng Mass fir den DP-Politiker an der Kathedral an der Stad.

PDF: Schreiwes vun der Stad Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO