Extreemt Niddregwaasser um RhäinKonsequenze fir d'Schëfffaart bis op Lëtzebuerg

Pit Risch
Lynn Cruchten
Fir 2.000 Tonne Wueren ze transportéieren, ass fréier ee Schëff duergaangen. Bei den aktuelle Konditioune kéinten dofir aacht bis zéng Schëffer néideg sinn.
Extreemt Niddregwaasser um Rhäin
Konsequenze fir d'Schëfffaart bis op Lëtzebuerg.

No Méint mat vill ze wéineg Reen sinn d'Waasserstänn um Rhäin op ville Plazen extrem niddereg. Fir d'Schëfffaart bedeit dat: manner Wueren u Bord, méi Transporter a méi héich Käschten. D'Auswierkunge sinn och zu Lëtzebuerg ze spieren.Experte rechnen domat, datt esou Situatiounen an Zukunft méi dacks optrieden.

D'Situatioun um Rhäin ass dëst Joer aussergewéinlech. Dem Marc Daniel Heintz vun der Internationaler Kommissioun fir de Schutz vum Rhäin no gouf et zanter dem Joer 2000 véier grouss Niddregwaasser-Evenementer – 2003, 2018, 2022 an elo 2026. Dat aktuellt wier dat extreemst dovun.

Besonnesch däitlech gëtt dat zu Kaub um Mëttelrhäin, engem wichtege Referenzpunkt fir d'Schëfffaart. Do wier an der leschter Woch e Peegelstand vu minus sechs Zentimeter gemooss ginn, esou den Här Heintz. Dat bedeit net, datt de Rhäin do ausgedréchent ass: Do wou d'Schëffer fueren, war d'Waasser nach ronn 1,07 Meter déif. Fir grouss Frachtschëffer ass dat awer extrem wéineg.

Schëffer kënne just nach en Deel vun hirer normaler Charge mathuelen

D'Konsequenz ass einfach: Wat manner Waasser am Rhäin ass, wat manner déif e Schëff däerg am Waasser leien – an domat kann et och manner Wueren transportéieren.

De Raphaël Wisselmann vun der Zentralkommissioun fir d'Schëfffaart um Rhäin erkläert, wéi schwéier et ass, déi Quantitéiten einfach op aner Transportmëttel ze verlageren. Ee geluedent Frachtschëff entsprécht him no jee no Gréisst ronn 150 bis 250 Camionen oder véier bis fënnef Zich.

E puer Deeg Reen léisen de Problem net

Fir datt sech d'Situatioun dauerhaft entspaant, geet eng kuerz Reeschauer net duer. Et misst iwwer e längeren Zäitraum kräfteg reenen.

Eng Roll spillt awer och d'Waasser aus den Alpen. Grad an extreme Niddregwaasser-Phasen kann d'Gletscherschmëlzen hëllefen. Well d'Gletscher awer duerch de Klimawandel no an no verschwannen, fält dëst Waasser laangfristeg ewech.

Zu Lëtzebuerg ass d'Musel besser geschützt

Op der Lëtzebuerger Musel ass d'Situatioun manner dramatesch. De Floss ass kanaliséiert a gestaut, sou datt d'Waasser fir d'Schëfffaart besser reguléiert ka ginn.

Dat hëlleft awer just bis bei de Rhäin. De Gilles Braquet, Generaldirekter vu Luxport zu Mäertert, erkläert, datt d'Schëffer op der Musel aktuell nach mat bis zu ronn 80 Prozent vun hirer Charge fuere kënnen. Um Rhäin gesäit et ganz anescht aus.

Hie mécht d'Dimensioun un engem konkrete Beispill däitlech: Fir 2.000 Tonne Wueren ze transportéieren, ass fréier ee Schëff duergaangen. Bei den aktuelle Konditioune kéinten dofir aacht bis zéng Schëffer néideg sinn.

Betraff sinn zu Mäertert ënner anerem Schrott, Dünger a Sand am Import, grad ewéi Stolproduiten a Containeren am Export. En Deel vun de Wuere gëtt dowéinst op d'Strooss oder d'Schinn verluecht.

Méi extrem Niddregwaasser an Zukunft

Niddregwaasser gehéiert natierlech zum Rhäin. D'Experte ginn awer dovun aus, datt et an Zukunft méi dacks, méi laang a méi intensiv optriede wäert.

Fir Luxport heescht dat, sech nach méi flexibel opzestellen. De Gilles Braquet gesäit d'Zukunft vum Hafen dofir an enger nach méi staarker trimodaler Vernetzung vu Schëff, Schinn a Strooss.

Back to Top
CIM LOGO