Der CSV an der LSAP. Digital Kongresser op deen op e schwieregt Joer zeréck gekuckt gouf. Bedéngt duerch déi aktuell Covid-19 Pandemie. Déi Jonk hunn sech awer och kritesch mat der Politik, mam Ëmgang ënner en een beschäftegt.
Bei der CSJ huet den Alex Donnersbach, deen no 2018 weider als President bestätegt gouf, kee Blat virun de Mond geholl, wat d'Turbulenzen an der Mammepartei ubelaangt.
"Mir hunn an de leschten zwee Joer erlieft a gesinn, wat mat enger staarker a stolzer Partei geschitt, wann um héchsten Niveau ëffentlechen Dauersträit ass a Mësstrauen herrscht."
Eng verlueren Europawal, ëffentlech Dauerstreidereien. Ze dacks wier den Androck enstanen, et wier een haaptsächlech mat sech selwer beschäftegt, amplaz mat de Problemer vu Land a Leit. Net nëmme géif een d'Bierger domat net iwwerzeegt kréien, datt een eng éierlech a gutt Politik ubitt. Och déi eege Membere wieren enttäuscht.
"Esou kann et an däerf et net weidergoen. Mir brauchen elo ganz kloer en Neiufank fir dës Partei. Nach zwee Joer esou kënne mir net weiderfueren. Wa mir zwee Joer esou weiderfueren, kënne mir et vergiessen, en Usproch als Vollekspartei ze hunn."
De wäisse Ritter, Mann oder Fra géif et net. "Mir hunn de Choix, alleguer eenzel verléieren oder zesumme gewannen."
D'CSV, d'Partei mat den 10.000 Memberen, géif elo Leit brauchen, déi de Ball spillen. E Mann, deen d'Presidentschaft vun der CSV iwwerhuele kéint, ass de Claude Wiseler.
"Et freet mech, wa mer kënnen mat iech schaffen. All deenen, déi elo net gewielt gi sinn, wëll ech soen, mir hu sou vill Aarbecht an den nächste Wochen a Méint, déi op ons zou kommen, datt der alleguer gebraucht gitt. Op där enger Plaz oder där anerer. Ma bleift derbäi. Paakt eng Hand mat un. Mir brauchen et wierklech.", sou de Claude Wiseler, méigleche Kandidat fir CSV-Presidence.
D'Affäre ronderëm den CSV-Frëndeskrees an de Frank Engel hätt vill Schued bruecht, sou d'Interim-Co-Presidentin Elisabeth Margue. Déi Affär misst elo enger Säit hire Juristesch Wee goen. Anerersäits misst d'Partei hire politesche Wee fannen. Et géif den Ament vill mat de Membere geschwat, lokal. Déi nei Ekipp misst eng gemeinsam Linn verdeedegen. Mat enger Stëmm schwätzen.
"Mir musse kloer determinéieren, wien a wat agebonne gëtt. Wie wat decidéiert. D'Partei-Spëtzt an d'Fraktioun mussen nees méi no beienee réckelen. Awer och d'Fraktioun an hir Parteimemberen. Ech mengen, hei ass de Rôle vun der Partei ganz wichteg, fir eng Bréck do ze stellen. Tëscht där enger Säit de Parteimemberen an op der anerer Säit der Fraktioun.", sou d'Elisabeth Margue.
Bei der JSL huet de Georges Sold sech eng lescht Kéier als President un d'Jonk Sozialiste gericht. Mat Iwwerleeungen iwwer de Vertrauensverloscht an d'Politik. No 12 Joer bei de JuSo.
"De Gros si wierklech Leit, déi sech eeschthaft Gedanken ëm eis Gesellschaft maachen. Eeschthaft och hëllefe wëllen. Mam Problem, datt déi ganz Gesellschaft an alles wat mat Regierung, Parlament a sou virun ze dinn huet, ass eeben net sou einfach, wéi ee sech dat oft wëll virstellen. Et ass ganz vill Bürokratie. An et gëtt leider oft net genuch mateneen diskutéiert."
D'Feindlechkeet an der Politik géif ville Leit op den Nerv goen. D'Politiker missten éierlech mam Wieler ëmgoen. Feeler agestoen. Erkläre wann e Walverspriechen net kann agehale ginn. Bei der JSL iwwerhëlt elo eng Duebelspëtzt, mam Lisa Kersch an dem Amir Vesali.