Méi Flexibilitéit fir d'BauerenLandwirtschaftsministère deklaréiert Dréchent als "cas de force majeure"

RTL Lëtzebuerg
De Landwirtschaftsministère huet wéinst der Dréchent punktuell Ausnamereegelungen decidéiert, fir de Baueren duerch déi schwiereg Zäit wéinst hirer morer Recolte am Summer ze hëllefen.
© AFP (Archiv)

D'Dréchent gouf dowéinst offiziell als "cas de force majeure" an "exzeptionell Wiederlag" deklaréiert, dat deelt de Ministère e Mëttwoch de Moien an engem Schreiwes mat. Iwwert dee Wee kann de Staat de Betriber méi Flexibilitéit accordéiere beim Anhale vu verschiddene Richtlinne beim Gréngland. Zum Beispill dierfen ausgewise Broochflächen awer lo exzeptionell geméit ginn, ouni datt déi concernéiert Baueren dowéinst eng Sanktioun riskéieren.

Biobetriber, déi Enkpäss beim Fuddermëttel hunn, kënnen hire Béischten ënner gewëssene Konditioune provisoresch konventionellt Fudder ginn. An d'Véi dierf och méi am Stall gehale ginn, fir et de Wisen et z'erlaben sech z'erhuelen. Heifir mussen d'Bio-Betriber eng Demande bei der ASTA maachen.

Weider Infoen fannt Dir och hei.

Sécheresse 2026: le ministère de l’Agriculture, de l’Alimentation et de la Viticulture accorde des assouplissements aux agriculteurs au niveau de la conditionnalité et de certaines aides (02.09.2026)

Back to Top
CIM LOGO