
Den LCGB, den OGBL an d’Direktioun vu Kuehne+Nagel hunn en neie Kollektivvertrag ënnerschriwwen, sou en offizielle Communiqué vun de Gewerkschaften e Méindeg. Den neie Kontrakt gëllt fir déi ronn 650 Mataarbechter vun der Firma a leeft iwwer dräi Joer – vum 1. Januar 2025 bis den 31. Dezember 2027.
Dem Communiqué no bleiwe mam neien Accord all d’Acquise vun der viregter Konventioun erhalen, et sollen awer elo nach verschidde Verbesserungen dobäikommen, dat virop wann et ëm d’Anciennetéit geet. Sou geet d’Zuel vun den zousätzleche Congésdeeg jee no Anciennetéit an der Firma erop, an och d’Primme fir dës Employéeë gëtt verbessert.
Weider verflicht sech d’Direktioun, bei fräie Plazen éischter op Interimsaarbechter zeréckzegräifen, déi schonn am Betrib schaffen – esouwuel bei onbefriste wéi och bei befriste Kontrakter.
Den LCGB an den OGBL schwätze vun engem Accord, deen den “Asaz vun de Salariéeën unerkennt”. D’Verhandlunge wieren dohier am “Sënn vum sozialen Dialog” gefouert ginn, sou heescht et an der gemeinsamer Matdeelung.
Kuehne+Nagel bedreift zu Lëtzebuerg Logistik-Zentren, déi op Transport, Lagerung a Veraarbechtung vun Online-Bestellunge fir international Clienten ausgeriicht sinn.