Panorama Social 2026 Léiwer besser Léin wéi méi Sozialhëllef

Monica Camposeo
Gilles Hoffmann
D'Chambre des salariés huet e Mëttwoch de Moien hire Panorama Social publizéiert.
Ufank Oktober huet d'Chambre des Salariés hire Panorama Social presentéiert.
Ufank Oktober huet d'Chambre des Salariés hire Panorama Social presentéiert.
© Gilles Hoffmann

Bal 15 Prozent vun der ganzer Populatioun si vum Aarmutsrisiko betraff, an der Altersgrupp vun den Jonken tëscht 18 a 24 Joer sinn et souguer 26%, also all Véierten. Dës Zuele ginn aus dem Panorama Social vun der Chambre des Salariés ervir. Besonnesch Suerge mécht der CSL den héije Chômage hei am Land, dee jo aktuell bei 6,5% läit. Dëst ass en Taux, dee just am éischte Joer vun der Pandemie esou héich war, notamment wéinst dem Chômage partiel. Soss wier Lëtzebuerg ëmmer bekannt gewiescht fir en niddrege Chômagetaux, elo ass een am EU-Verglach net méi esou gutt opgestallt.

© Gilles Hoffmann

Och d'Situatioun vun de Working Poor, also de Leit, déi zwar schaffe ginn, mee trotzdeem d'Enner net beienee kréien, huet sech net verbessert. 22,4 Prozent vun de Stéit soen, Schwieregkeeten ze hunn, vun hirem Revenu ze liewen. Bei den elengerzéienden Eltere sinn et esouguer bal d'Hallschent, déi dat uginn hunn.

Den nationalen Aarmutsplang geet der CSL net wäit genuch, besonnesch beim Mindestloun an der Mindestrent bréicht et dréngend Adaptatiounen. Léiwer besser Léin wéi nach méi Sozialhëllef, huet d'Presidentin Nora Back nach betount. Fir dass d'Leit och vun hirer Aarbecht kënne liewen.

Back to Top
CIM LOGO