Mangel u Gynekologen a PediaterenLenert: "Wonnerléisungen hu mer net, d’Problemer si bekannt!"

Claudia Kollwelter
D’Gesondheet vun de Fraen an de Kanner stoung am Zentrum vun der ëffentlecher Sëtzung vun der Chamber.

Mangel u Gynekologen a Pediateren / Rep. Claudia Kollwelter

D’gynekologesch Praktiken an Agrëffer ouni Accord oder déi net néideg sinn, wieren nach ëmmer en Tabuthema huet d’Deputéiert vun déi Lénk, Nathalie Oberweis bedauert, déi eng Debatt iwwert dëst Thema an der Chamber ugefrot hat. An doru misst sech dréngend eppes änneren.

Et wier keng Debatt géint Hiewanen oder Gynekologen an Dokteren huet d’Nathalie Oberweis ënnerstrach, mee et misst iwwert Praktiken, Gewunnechten a Routinnen diskutéiert ginn a se missten a Fro gestallt ginn. Leider hätt een net vill Donnéeën:

De Problem ass natierlech och, dass vill Fraen a gebärend Mamme sech der Gewalt net bewosst sinn. Vill mengen, dat wier eben esou. Dat huet jo Gewalt sou u sech, dass d’Affer sech 1. Der Gewalt dacks net bewosst ass, well et eben dacks e Glissement ass, wéi den Abus passéiert an 2. Fraen déi Gewalt erlieft hunn, sech net bekloen, keng Plainte eraginn, well si dacks Schimmt verspieren oder souguer e Scholdgefill, anerer sinn traumatiséiert a wëllen net méi un den traumateschen Moment denken.

Déi Lénk hu gefuerdert, datt eng Enquête gemaach gëtt, fir un Donnéeën ze kommen an d’Phenomener ze beliichten. Aus enger Ëmfro, déi an “The Lancet” publizéiert gouf, geet ervir, datt et zu Lëtzebuerg virun allem u Kommunikatioun géif feelen, an ze vill intervenéiert a medikaliséiert géif gi bei Gebuerten: 31% vun de Frae kréien eng instrumentaliséiert vaginal Gebuert, hunn de Kristeller-Manoeuver gemaach, woubäi dësen héich ëmstridden ass, well de Gest ka geféierlech sinn, souwuel fir de Bëbee wéi fir d’Mamm - an et gi keng Zuelen zum Kristeller-Manœuvre bei natierlechen Gebuerten, also ouni Instrumenter – ech woen awer ze behaapten an dat aus eegener Erfarung a well ech mat ville Fraen geschwat hunn, dass de Kristeller-Manoeuver och dacks gemaach gëtt bei net instrumentaliséierte Gebuerten. Iwwerhaapt hu mir e relativ héijen Taux un instrumental assistéierten Gebuerten : 16% wou d’Moyenne 10 % ass.

D’Gewalt géintiwwer egal wéi engem Mënsch wier net ze toleréieren, huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert betount:

Et ass dofir gutt a wichteg a richteg datt sech iwwert déi lescht Joer mobiliséiert gouf. Eppes ze thematiséieren, wat och mat Schimmt behaft ass, wou Frae sech ganz dacks net trauen, driwwer ze schwätzen, wou driwwer gelaacht gëtt oder gesot gëtt: “Et ass dach net sou schlëmm.” oder “Siff net sou pipeg.”

Virun engem Joer huet de Conseil scientifique hir Recommandatiounen op dësem Gebitt erausginn an op deene wier och geschafft ginn:

Laut dëse Recommandatiounen ass de Schlëssel eng adaptéiert Prise en charge, also eng Sensibilisatioun an Informatioun, déi et gëtt vum Professionellen. De Patient huet Recht op eng respektvoll Informatioun. D’Kommunikatioun muss am Zentrum stoen. De Patient muss verstoen,, wat op en duerkënnt. De Prinzip vun der Selbstbestëmmung vum Kierper dierf net vergiess ginn a soll eis eigentlech guidéieren fir eng normal Gesondheetsversuergung.

Zanterdeem goufen Formatioune gemaach vun Experten, fir déi Professionell ze sensibiliséieren. A genee déi Sensibilisatioun wier et och, déi gefuerdert wier, fir datt d’Leit wëssen, wat souzesoen “normal” ass a wat net. Et géif der Gesondheetsministesch no manner u Strukture feelen, mee haaptsächlech um Bewosstsinn eppes ze artikuléieren.

D’Fuerderung vun déi Lénk, mee och vun anere Parteien vun engem Gebuertshaus huet d’Gesondheetsministesch iwwerdeems begréisst a betount, datt doriwwer am Ministère eng Entrevue an deem Kontext nach dëse Mount geplangt wier.

Back to Top
CIM LOGO