ASBL Passerelle behaaptLëtzebuerg hält déi international Bestëmmungen bei Asyl-Demanden net an

RTL Lëtzebuerg
Eleng d'lescht Woch en Dënschdeg wieren der ASBL sechs Fäll gemellt ginn, wou trotz Demande keen Enregistrement geschitt wier.
Symbolbild
Symbolbild
© PATRICK PLEUL/dpa Picture-Alliance via AFP

Lëtzebuerg hält déi international Bestëmmungen a Saachen Asyl-Demanden net an. Dat behaapt d’ASBL Passerelle, déi sech hei am Land fir d'Rechter vun Asyldemandeuren asetzt, e Méindeg de Moien an engem Schreiwes.

Konkret geet et ëm den Enregistrement vu Leit, déi heihinner kommen, fir Asyl ze froen. All Demande misst egal wéi ugeholl an dann driwwer tranchéiert ginn. Genee dat géif awer a ville Fäll net geschéien.

Eleng d'lescht Woch en Dënschdeg wieren der ASBL ganzer sechs Fäll gemellt ginn, wou trotz Demande keen Enregistrement geschitt wier, dorënner ee Fall vun engem onbegleete Mannerjäregen an ee Fall vun enger vulnerabeler Fra.

Déi Leit géifen domadder duerch de System rëtschen, deen eigentlech, op d'mannst fir den Ufank vun der Prozedur, eng gewëssen Accueil-Sécherheet garantéiert. Passerelle appeléiert an deem Sënn un den Inneministère an un d'Immigratiounsdirektioun, direkt domadder opzehalen a sech un déi legal Obligatiounen ze halen.

Back to Top
CIM LOGO