Vum Norde bis an de Süden a vum Oste bis an de WestenLëtzebuerg investéiert déi nächst Jore weider massiv an Infrastrukturprojeten

Marc Hoscheid
Lëtzebuerg investéiert weider kräfteg a seng Infrastrukturen. Um Mëttwochmoie war an der Chamber een Orientatiounsdebat iwwert déi staatlech Projeten, déi méi wéi 30 Milliounen Euro kaschten.
© RTL

Lëtzebuerg investéiert weider kräfteg a seng Infrastrukturen.

Iwwert all Parteigrenzen ewech ass ee sech doriwwer eens, datt déi Investitiounen néideg sinn, awer och doriwwer, datt zu Lëtzebuerg beim Bauen nach Loft no uewen ass.

D’Gare vun Ëlwen gëtt ëm- an ausgebaut. Op Ierpeldeng kënnt ee Pôle d’échange, deen et erlaabt, datt pro Stonn véier Zich op Dikrech fuere kënnen. Iechternach kritt ee Pôle d’échange, zu deem eng Busgare mat 10 Arrêten an ee Parking mat 400 Plaze gehéieren. De Sportzenter Coque gëtt renovéiert an op Esch Raemerich kënnt een neit Policekommissariat, dat 24 Stonnen op 7 Deeg op ass. Den Diddelenger Lycée Nic Biever gëtt renovéiert an de Clierfer Lycér Edward Steichen soll een Internat kréien.

Queesch uechter d’Land realiséieren d’CFL, d’Ponts et chaussées a Bâtiments publics an deenen nächste Jore grouss Projeten. Bis déi fäerdeg sinn, dierft et awer dacks nach ganz laang daueren, well deels elo mol réischt d’Etüden ufänken. Sou hunn dann och eng Partie Riedner, dorënner den Yves Cruchten vun der LSAP, gefuerdert, datt méi séier gebaut a méi wäit am Viraus geplangt misst ginn.

D’Rapportrice vum Debat, d’Corinne Cahen vun der DP, huet um internationalen Dag vu Leit mat enger Behënnerung iwwerdeems dofir plädéiert, datt beim Plange vun neie Projeten och un d’Besoine vun deene Leit geduecht soll ginn.

“Wann ech mäin Dag moies muss plangen, am Sënn vun, jo kommen ech do iwwerhaapt eran, ass dee Bus lo esou, datt ech riicht kann erafueren an esou weider? Dat ass eng ganz aner Planung, kann ech an dee Restaurant iesse goen, gëtt et do eng Toilette, déi iwwerhaapt iergendwéi accessibel ass a sou weider? Dat ass eng ganz aner Planung, wéi wann een einfach säi Schal, säi Mantel hëlt, d’Mutz undeet a moies aus dem Haus erausgeet.”

De Michel Lemaire vun der ADR huet sengersäits gefuerdert, datt d’Kulturlandschaft vum Land erhale soll ginn an als Beispill déi nei Ettelbrécker Gare genannt, wou een Deel vun der aler Fassad an de Projet integréiert soll ginn.

De Marc Goergen vun de Piraten stéiert sech dann dorun, datt de séieren Tram an de Süde komplett vum Staat bezuelt gëtt, wärend beim Tram an der Stad d’Gemeng een Deel vun de Käschte gedroen huet.

“Ech soen net, datt d’Stad et muss fir näischt kréien, mee da missten déi aner bezuelen. Ech soen awer och net, datt wann déi aner et fir näischt kréien, d’Stad Lëtzebuerg nach ëmmer muss bezuelen. Dat heescht, entweder se kréien et alleguerte fir näischt oder se bezuelen alleguerten. Et kann awer net sinn, datt een hei am Land zweeërlee Gemengen huet.”

Eng entspriechend Motioun gouf awer ofgeleent, well een d’Gemenge wéinst hire ganz ënnerschiddleche finanzielle Situatiounen net an een Dëppe werfe kéint. D’Lëscht mat all de grousse Bauprojete gouf unanime ugeholl.

Back to Top
CIM LOGO