
De Mann war mat engem Europäeschen Haftbefeel gesicht ginn. Nodeems am November schonn een 19 Joer alen Chileen ausgeliwwert gouf, war et dës Kéier een 23 Joer alen Chileen. Béid Männer, ma och aner bis ewell onbekannt Leit, stinn am Verdacht, europawäit - ma virop an Däitschland - a Wunnengen agebrach ze sinn an esou ee Schued vun iwwer 30.000 Euro ugeriicht ze hunn.
De jonke Mann gouf engem Riichter virgefouert a koum duerno an de Prisong. D’Iwwergab vun der Lëtzebuergescher un déi däitsch Police war zu Wasserbilligerbrück.