Gouf europawäit gesichtLëtzebuerger Police hännegt presuméierte Bande-Member un Tréierer Kolleegen aus

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwochmoien huet d'Lëtzebuerger Police en 19 Joer ale chileenesche Staatsbierger un d'Police vun Tréier iwwerstallt.
© HARALD TITTEL / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

Wéi et vun der Bundespolizeiinspektion Tréier heescht, hat de Parquet vu München e Mandat d’arrêt fir eng Untersuchungshaft géint de Mann ausgestallt. Hien ass dréngend verdächteg, als Member vun enger krimineller Band a ganz Europa, ënner anerem a Süddäitschland, an Haiser a Wunnengen agebrach ze sinn. Dobäi hätt hien e Schued vun 30.000 Euro verursaacht.

No der Iwwergab um Grenziwwergang Waasserbëlleger Bréck koum de Mann an Däitschland virun den Untersuchungsriichter an duerno an déi noosten Anstalt fir jugendlech Stroftäter.

Back to Top
CIM LOGO