
D’Residenten zu Lëtzebuerg sinn allgemeng zefridde mat der wirtschaftlecher Situatioun vum Land an och mat hirer eegener finanzieller a berufflecher Situatioun. Dat geet aus der leschter Editioun vum Eurobarometer ervir, déi e Freideg publizéiert gouf. Fir dës goufen tëscht dem 9. Oktober an dem 5. November 2025 504 Leit hei am Land befrot. 88 Prozent vun hinne waren der Meenung, dass d’wirtschaftlech Situatioun vum Land gutt wier. An der EU-Moyenne louche den Undeel vun de Leit, déi dëser Meenung waren bei nëmmen 38 Prozent.
85 Prozent vun de Befroten hu sech dann zefridde mat der finanzieller Situatioun vun hirem Stot gewisen an 81 Prozent waren zefridde mat hirer berufflecher Situatioun. Dat géigeniwwer 75 respektiv 69 Prozent an der EU-Moyenne.
Mat Bléck op déi nächst zwielef Méint, ass de Gros vun de Residenten hei am Land dann der Meenung, dass esouwuel déi ekonomesch Situatioun vum Land ewéi och hir eege finanziell a berufflech Situatioun wäert stabel bleiwen.
Wat déi gréisste politesch Erausfuerderungen, virun deenen d’EU steet, ubelaangt si 26 Prozent vun de Lëtzebuerger Residenten der Meenung, dass déi russesch Invasioun vun der Ukrain dee gréissten Defi ass. Dat entsprécht genee der EU-Moyenne. Iwwerdeem mécht ee sech hei am Land allerdéngs iwwerduerchschnëttlech vill Suergen iwwer d’Immigratioun. 24 Prozent vun de Leit sinn der Meenung, dass dës dee gréissten Challenge fir d’Unioun ass. An der Moyenne vun den EU-Länner sinn et 20 Prozent vun de Leit.

Bei der Fro no de gréissten Erausfuerderungen, virun deenen d’Land steet, weist sech däitlech, wéi present de Logementsproblem an de Käpp vun de Leit ass. 56 Prozent, also iwwer d’Hallschent vun de Befroten, waren der Meenung, dass de Logement déi gréissten Erausfuerderung fir d’Land ass. An der Moyenne vun de 27 EU-Memberlänner waren nëmmen 13 Prozent dëser Meenung. Wéi prioritär de Logement fir d’Residenten ass, weist sech och an der Äntwert op d’Fro, firwat d’EU d’Suen an hirem Budget sollt ausginn. 43 Prozent vun de Lëtzebuerger Residenten hunn hei de Logement als ee vun de véier wichtegste Felder genannt. Dat géigeniwwer 26 Prozent an der EU-Moyenne.
53 Prozent vun de Residente vertrauen iwwerdeems der EU, dat géigeniwwer 48 Prozent am EU-Duerchschnëtt. 51 Prozent vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg befrot goufen, hunn dann och e komplett positiivt Bild vun der EU. An der EU-Moyenne sinn et der 42 Prozent.
Däitlech iwwert der Moyenne ass dann d’Vertrauen an déi national Institutiounen: 60 Prozent tendéieren dozou, dem Parlament ze vertrauen an 71 Prozent vertrauen tendenziell der Regierung. Dat géigeniwwer 34 respektiv 33 Prozent am EU-Duerchschnëtt.
An dëser Ronn vum Eurobarometer goufen d’Leit dann och gefrot, wat si vun der EU hirer Reaktioun op déi russesch Invasioun vun der Ukrain halen. Zu Lëtzebuerg gouf dës am allgemengen e bësse méi positiv gesinn, wéi an der EU-Moyenne. Esou sinn 90 Prozent vun de Residenten der Meenung, dass et richteg ass, Leit, déi viru Krich flüchten an der EU opzehuelen an 83 Prozent fannen et richteg, der Ukrain finanziell an humanitär Hëllefen zoukommen ze loossen. Dat géigeniwwer 81 respektiv 77 Prozent am EU-Duerchschnëtt.
