Et ass d’Direktioun vum Wierk zu Diddeleng, déi Faillite sur aveu gemaach huet, eng Decisioun, déi de Gewerkschaften no géint d’Uweisungen aus dem Grupp geholl gi wier.
Dat, nodeems d’Paie vun de ronn 150 Mataarbechter vum Wierk zu Diddeleng vun Oktober un net méi bezuelt goufen. Um Site gëtt zanter iwwer zwee Joer net méi produzéiert. D’Personal war just nach do, fir sech ëm d’Wierk ze këmmeren.
Den zoustännegen LCGB-Gewerkschaftssekretär Robert Fornieri sot no der Audience:
“Ben, c ‘est le scénario qui était tant à redouter. On espérait avoir toujours un transfert d’ entreprise sans passer par la casse faillite et avec l ‘obstination de ce groupe, ben voilà, on est finalement terminé avec une faillite. Bon, c ‘est un aveu de faillite qui a été fait par la direction locale luxembourgeoise qui, selon mes informations, est contre l ‘avis du groupe. Donc on va voir encore qu ‘est -ce que cela peut nous réserver comme surprise dans l ‘état actuel des choses. Ce qui est le plus important maintenant pour nous, c ‘est la situation salariale des salariés, c ‘est -à -dire leur salaire.”
De Georges Mischo sot RTL op Nofro:
“Sou séier wéi méiglech wäerte mer kucken, dat doten ze deblockéieren. Do hu mer schonn e Méindeg iwwer verschidde Méiglechkeete geschwat, wéi mer de Leit do kënnen ënner d’Äerm gräifen. An do wäerte meng Leit um Ministère alles probéieren, dass d’Leit vun der Liberty Steel sou vill wéi méiglech d’Sue kréien.”
Déi fréier Galvalange ass eent vun de Wierker, déi Arcelor-Mittal 2019 op Demande vun der EU-Kommissioun verkaf huet, fir dierfen d’Stolwierk Ilva an Italien ze iwwerhuelen, eng Transaktioun, déi bis elo kee Succès ass. Kuerz dono war de Grupp Liberty Steel a finanziell Schwieregkeete geroden.
Den Informatioune vun de Gewerkschaften no géif et Repreneuren, déi interesséiert wieren, de Site vun Diddeleng ze iwwerhuelen. Belsch Medien haten dës Woch gemellt, datt eng amerikanesch an eng italieenesch Entreprise drun interesséiert wieren, e Site vu Liberty Steel zu Léck ze iwwerhuelen. An deene leschte Jore war ëmmer nees vun Interessente fir eng Reprise rieds. Ma Liberty Steel huet sech bis elo ni op en Accord agelooss. Och de Georges Mischo confirméiert, datt zwou Entreprisen un enger Reprise interesséiert wieren.
Den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana huet iwwerdeems an de soziale Medien annoncéiert, dass elo national Mechanisme wäerten a Kraaft trieden, déi garantéieren, dass d’Paie vun de Salariéen zum Deel wäerten ausbezuelt ginn.
Fir de President vun der Personaldelegatioun ass d’Faillite bis elo dee schlechtst méiglechen Zenario. “Mais là maintenant de toute façon c’est le seul moyen qu’on puisse avoir pour toucher des indemnités. On espère que ça va durer qu’un temps à passer et puis qu’on sortira avec tout ça avec une nouvelle production et un nouveau nom et que ça repartira comme avant”, seet den Gino Di Cristofaro.
Déi fréier Galvalange ass nämlech spezialiséiert op e kompetitiven Aluminiumzénk, deen ënner anerem an der Constructioun, an der Autosindustrie, grad wéi fir Elektroapparater ganz gefrot wär, betount de Claude Bertrand. De laangjärege Mataarbechter hofft, datt geschwënn nees zu Diddeleng ka geschafft ginn.
Gewerkschaften: “D’Situatioun bei Liberty Steel zu Diddeleng ass den Ament dramatesch”
SNCI a GFG Grupp gi sech net eens: Keng positiv Nouvellen am Dossier Liberty Steel
Reunioun tëscht Regierung a Gewerkschaften: Zukunft vu Liberty Steel weider ongewëss