Liwwerdéngschter sinn den Ament gefrot ewéi nach ni. Mat der Demande, déi all Dag klëmmt, geet awer och den Drock op déi verschidde Servicer erop. Den Online Shop corono.letzshop.lu hunn mir Iech op dëser Plaz scho virgestallt. Ma dësen ass awer exklusiv fir vulnerabel Persounen, déi den Ament net kënnen aus dem Haus goen. Mee wéi ginn aner Liwwerservicer mat der Corona-Pandemie ëm? Mir hunn de Liwwerdéngscht Luxcaddy begleet. Op dëser Plattform hu sech an dësem Mount esou vill Leit nei ugemellt, wéi soss an zwee Joer.
Den Akaf bis virun d’Dier geliwwert kréien, dat ass eng gutt Optioun fir sou mann wéi méiglech aus dem Haus ze goen.
Ma d'Demande war awer esou rasant geklommen, dass Luxcaddy elo ëmmer nëmme fir déi nächst zwee Deeg Demanden unhuele kann. Virun zwou Wochen, wéi déi strikt Kontaktmesurë vun der Regierung agefouert goufen, sinn an engem Dag esou vill Demandë gemaach ginn, wéi normalerweis an enger ganzer Woch.
De Jacques Lorang vu Luxcaddy: „Mir kréie ganz vill E-Maile vu Leit déi awer wierklech schlecht drun sinn, déi eleng doheem sëtzen an net wëssen, wéi si hir Akeef solle maachen. Dat heescht den Drock op eis ass am Fong ganz grouss. Et ginn och deelweis leider Leit, déi eis ganz ellen a béis E-Maile maachen. Mä ech muss op der anerer Säit awer och soen, et ginn och ganz vill Leit, déi eis E-Maile maachen, déi scho virun e puer Deeg Commandë gemaach hunn an déi da soen, mir kéinten déi Commande annuléieren, fir domadder Plaz fräi ze maachen, fir da grad Leit ze beliwweren, déi et wierklech méi brauche wéi si.“
Et ass dann op dëser Plaz nach emol den Appell, de Service prioritär deene Leit ze loossen, déi zu der Risikogruppe gehéieren.
Och Hamsterkeef konnte festgestallt ginn. Ma dat gëtt awer elo streng kontrolléiert: „Mir haten de Problem am Ufank, wou dat lassgaangen ass. Dat huet eis komplett iwwerrannt an d’Leit hunn effektiv komplett Hamsterkeef gemaach. Mir kruten am Fong quasi eise ganze Stock eidel kaf vu quasi all eise Referenzen, bis mer eng Solutioun en place haten. An déi hunn mir elo, dat heescht vun elo un kontrolléiere mir sämtlech Commanden a mir ginn einfach hin a mir reduzéieren d’Quantitéiten, wann mir gesinn, dass d’Leit einfach komplett irraisonnabel Quantitéite bestellen. Dat heescht mir probéieren do scho géigenzewierken an dat Ganzt méi kontrolléiert elo oflafen ze loossen.“
D’Stocke géinge reegelméisseg opgefëllt ginn, et gëtt also absolut kee Grond, anere Leit Produiten ewechzekaafen.
Och aner Servicer sinn en place, zum Beispill fir den Akaf sichen ze goen. An et mierkt een, dass d'Demande iwwerall immens héich ass. Et géing och vill zesumme geschafft ginn, heescht et vum Jacques Lorang weider, fir dës Situatioun am beschte kënnen ze léisen.
Nieft enger Rei grousse Supermarchéë liwweren och méi kleng Epicerien heem, sou dass jidderee mat e bësse Gedold u Liewensmëttel an aner Produite kënnt. Ma och Luxcaddy huet d'Capacitéiten erhéicht, vun 11 op 15 Camionnetten. Och d'Personal géing alles maachen, wat méiglech ass, fir der héijer Demande kënne gerecht ze ginn.
