Mouvement écologiqueLokal a biologesch Produiten net géinteneen ausspillen

Anne Wolff
De Mouvement écologique wiert sech géint d'Kritik, den auslännesche Bio wier ze vill eng Konkurrenz fir déi konventionell lëtzebuergesch Produiten.
Mouveco: Lokal a biologesch Produiten net géinteneen ausspillen
De Mouvement écologique wiert sech géint d’Kritik, den auslännesche Bio wier ze vill eng Konkurrenz fir déi konventionell lëtzebuergesch Produiten.

De Projet “Supply4Future” vu Restopolis huet als Zil, de Schüler méi lokal a biologesch Produiten ze zerwéieren. 2025 waren 71 % vun de Akeef vu Restopolis Lokal Produiten a 26 % bio-lokal Produiten.

Dëse Projet wier dem Mouvement Ecologique no de Verdéngscht vum Educatiounsministère: “De Landwirtschaftsministère huet dës Entwécklung deemools verschlof, verpennt, net aktiv begleet an huet bis haut nach näischt an ëffentleche Kantinne, iwwert d’Schoulen eraus gemaach. Spideeler, Altersheemer”, betount d’Blanche Weber, Presidentin vum Mouveco.

De Mouvement écologique geheit dem Landwirtschaftsministère an der Ministesch Martine Hansen och vir, déi lokal konventionell Produiten de Bio-Produiten aus dem Ausland virzezéien: “Ausserdeem huet si och a Gespréicher mat eis zum Beispill gesot Bio wä net hir Prioritéit.”

D’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen erkläert, dass d’Engagement net nëmme vum deementspriechenden Ministère kënnt, mee dass dëst och am Koalitiounsaccord ze fannen ass: “Net nëmmen als Landwirtschaftsministesch, mee eis Regierung huet ee Koalitiounsaccord, do steet dran, dass mir eis engagéieren, méi regional, saisonal an eis Kantinne ran ze bréngen. Dat heescht an der Praxis, mir bevirdeelegen natierlech als éischt eis national Bio-Produkter an da kommen eis konventionell Produkter, well mir ënnerstëtzen eis Landwirtschaft.”

Op d’Kritik vum Mouvement Ecologique, déi direkt géingt si geet, reagéiert d’Ministesch awer och: “Wann dat sollt een Zitat vu mir sinn, ass dat definitiv ee falscht Zitat war. Ech setze mech a fir eis Landwirtschaft, ech setze mech och a fir eis Bio-Landwirtschaft. A wann dir kuckt, wat mir schonn alles gemaach hunn, do schaffe mir nach virun, wéi gesot, mir wäerten elo en dës Joer de Bio-Aktiounsplang bis 2030 virstellen.”

De Mouvement écologique gesäit e weidere Problem an der «"Maartdominanz” vun der Provencale. Zwar wéilt een d’Kompetenz vun der Firma net a Fro stellen, déi géif eng gutt Aarbecht maachen, erkläert d’Blanche Weber, mee: “wat mir fannen, dass ee muss diskutéieren, ass dass e Betrib hei de Maart ganz staark dominéiert, an dass en alles mécht, fir déi Positioun ze behalen (…) Mir wëssen zum Beispill, dass wann e Produzent seet: ‘oh ech wëll net alles iwwert d’Provencale verkafen, mee vläicht och u Restopolis direkt’, dass da bei der Provencale alt gesot gëtt: ‘entweder mat mir, alles oder näischt.’.” Dat géif och fir d’Veraarbechtung vu Liewensmëttel gëllen.

“D’Madamm Weber huet keng Connaissance, wéi eng landwirtschaftlech Produktioun, eng Distributiounsfilière fonctionéiert. Dat si Beschëllegungen, déi kee Kapp a kee Fouss hunn”, reagéiert de Georges Eischen vun der Provencale op de Reproche vum Mouvement écologique. Dass d’Provencale géif Baueren ënner Drock setzen, déi direkt iwwert Restopolis wéilten un d’Schoulkantinne liwweren, wiere falsch Beschëllegungen. Den Associé-Gerant werft an deem Kontext och op, d’Provencale géif jo net mat all de Baueren zesummeschaffen, firwat dann net méi Baueren direkt iwwert de “Supply4Future” (Plattform vu Restopolis an dem Educatiounsministère, ndlr) géife fueren? Dat misst a sengen Aen aner Ursaachen hunn, déi näischt mat der Provencale ze dinn hätten. Et bräicht een eng Distributioun fir d’Produiten ze verdeelen, an dofir misst een op ville Plaze gläichzäiteg sinn, mat 60 bis 80 Camionen, dat wier net esou einfach.

Back to Top
CIM LOGO