No Wiessel bei d'DPLSAP Monnerech fuerdert: Christine Schweich soll hiert Mandat zeréckginn

RTL Lëtzebuerg
Nodeem d'Spëtzekandidatin vun de Monnerecher Sozialiste bei de leschte Walen annoncéiert, huet, bei d'DP ze wiesselen, suergt dëst fir Tensiounen.

LSAP iwwert d’Affär Schweich zu Monnerech / Reportage Michèle Sinner

D’LSAP-Sektioun Monnerech fuerdert vum Christine Schweich, datt si hiert d’Mandat am Gemengerot zu Monnerech un d’LSAP zeréckgëtt. Déi fréier LSAP-Buergermeeschtesch, déi bei de Gemengewale virun zwou Wochen nach als Spëtzekandidatin fir d’Sozialisten an d’Course gaange war, hat e Méindeg den Owend hire Wiessel bei d’DP annoncéiert.

Als Ursaach fir dee Wiessel huet d’Christine Schweich uginn, datt d’Parteilinn vun der LSAP net méi mat hire Konviktioune iwwertenee géing stëmmen. RTL sot si, d’LSAP stéing hir politesch ze lénks. De John Van Rijswijck, Zweetgewielte bei der LSAP Monnerech, erkläert, dovu wier virun de Walen net Rieds gewiescht.

« Bëssen am Einklang sinn eis Wäerter awer ëmmer grouss gehale ginn. Och vum Christine. Do si mer lo natierlech e bësse iwwerrascht. »

Dat kann iwwerraschen, säit Jore gëtt der LSAP virgeheit, si géif d’Aarbechterklass net méi vertrieden. Mä d’Christine Schweich seet: “Déi Diskussioun iwwert d’Aarbechtszäiten, déi 36-Stonne Woch och hei, ech mengen, dat ass keng realitéitsno Politik, déi mer maachen.

Et wéilt jo zwar keen den Index ofschafen. Si och net. “Mä trotzdeem, den aktuellen Index, deen dreift d’Schéier tëscht aarm a räich ëmmer méi wäit auserneen. An ech mengen, dat kënnen awer net d’Iddie sinn, wa mer eng Realpolitik wëlle maachen.

Si wéilt eng sozial gerecht Politik. Ob d’DP déi mécht?

D’Christine Schweich ass der Meenung: “Op alle Fall, fannen ech mech do besser erëm, an och als Mënsch respektéiert, wat sécher an eise Gremien net de Fall war. An och mat de Valeuren.

D’Christine Schweich war Presidentin vun der lokaler LSAP-Sektioun. Si war och Member am Exekutivbüro an General-Trésorière vun der Partei.

Wou genee et u Respekt gefeelt huet, wëllt d’Christine Schweich net soen. Mä bei de Gemengewalen hätt den Zesummenhalt gefeelt. “Et wiere verschidde Stellschrauwe gewiescht, un deenen ze dréie gewiescht wär. Mä dono d’Schold just op eng Persoun ze ginn, ech mengen dat ass awer net de richtege Wee, wéi et soll funktionéieren.

Hir Sektioun bedauert an engem Communiqué, datt d’Christine Scheich d’Responsabilitéit fir dat schlecht Resultat vun der LSAP Monnerech bei de Gemengewalen net géing iwwerhuelen. An dat scho fir d’Zweet. Bei de Walen den 11. Juni hat d’LSAP zu Monnerech eelef Prozent verluer. D’Christine Schweich huet selwer iwwer 400 Stëmme verluer, wärend den Zweetgewielten der iwwer 180 bäikritt hätt. Si war och 2017 LSAP-Spëtzekandidatin zu Monnerech. Deemools ass si als Buergermeeschtesch ugetrueden. Si hat dat Amt vum Dan Kersch iwwerholl, wéi dee Minister gouf. Och deemools hat d’LSAP ënnert der Christine Schweich ronn eelef Prozent verluer, an domat zwee Sëtz, déi absolut Majoritéit an de Buergermeeschterposten.

D’LSAP Monnerech mengt dofir an hirem Communiqué, de wierkleche Grond fir der Christine Schweich hire Partei-Wiessel wär, datt hir Kandidatur fir op d’LSAP-Süd-Lëscht fir d’Chamberwalen net zeréckbehale gi wär. Déi Lëscht gëtt en Dënschdeg den Owend ugeholl.

D’LSAP-Gremien haten decidéiert, d’Lëschte fir d’Chamberwalen eréischt no de Gemengewalen opzestellen, fir de Score vun de Kandidatinne a Kandidate bei de Gemengewale kënnen ze berécksiichtegen. Deem System hat d’Christine Schweich och zougestëmmt a si seet iwwert d’Auswiel fir d’Chamberwalen: “Dat huet sécher näischt domat ze dinn. Ech wënschen alle Kandidaten bonne chance, déi op der Lëscht sinn. Jiddereen huet do sécher seng Plaz méritéiert.

Si wëll och guer net confirméieren, datt si op déi Lëscht wollt. Mä d’Sektioun Monnerech, ënnert der Presidentin Christine Schweich, hat als Kandidate fir d’Südlëscht den Dan Kersch an de Maurice Schwarz vun de Jongsozialiste proposéiert. An och d’Christine Schweich. Doriwwer eraus fënnt si:

Ech mengen, datt een als Generaltresorière vun der Partei géif op esou eng Lëscht gehéieren. Ech mengen, dat wier evident. A virun allem, wann een iwwer esou laang Jore geschafft huet fir déi Partei. Mä dat ass jo net de Choix, deen ech ze treffen hunn. Dat ass e Choix, deen d’Gremien treffen.

De John Van Rijswick, mengt, d’Christine Scheich wier dovun ausgaangen, datt si op d’Lëscht fir d’Chamberwale kéim. D’Walresultat wier fir déi ganz Ekipp vun der LSAP-Monnerech net gutt gewiescht, “Mä op der aner Säit muss d’Christine och agestoen, datt d’Walresultat fir hatt am Fong katastrophal war an doropshin ginn ech dovun aus, datt dat de Grond ass, datt hatt net méi op der Lëscht ass, fir an national Walen matzegoen. An datt dat och de Grond ass, firwat hatt elo net zefridden ass. An dat wäert warscheinlech och d’Partei wiesselen.” D’Christine Schweich hat bei de Gemengewalen Uganks des Mounts méi ewéi 400 perséinlech Stëmme verluer.

Suitte Affär Schweich zu Monnerech / Reportage Michèle Sinner

RTL-News: Bei d’DP: LSAP-Tresorière Christine Schweich wiesselt d’Partei

Back to Top
CIM LOGO