Bei d'DPLSAP-Tresorière Christine Schweich wiesselt d'Partei

RTL Lëtzebuerg
Hir Demissioun kënnt een Dag, iert d'LSAP hir Süd-Lëscht fir d'Chamberwale virstellt.

Et ass dach eng kleng politesch Iwwerraschung. D’Christine Schweich, d’Tresorière vun der LSAP, demissionéiert bei de Sozialisten a wiesselt bei d‘DP. Dat huet d’Member vum Gemengerot zu Monnerech RTL géintiwwer confirméiert.

Bei de Gemengewalen hat si zu Monnerech nach als Spëtzekandidatin fir d’LSAP kandidéiert. Si war méi wéi 10 Joer Member bei de Sozialisten, mä explizéiert um Méindeg den Owend an engem Schreiwes, datt si sech zënter enger Zäit net méi an der LSAP erëmfënnt an datt si sech och net méi mat där Politik identifizéiert, déi d’Partei mécht.

Bei de Gemengewalen ass d’Christine Schweich als 6. Gewielten an de Conseil komm. Si präziséiert, datt si dat Mandat mat Houfert unhëlt, als Vertriederin vun enger anerer Partei.

Wéi et méi spéit am Owend vun der CSV-Monnerech, déi zesumme mat der DP an eng Koalitioun an der Gemeng wëlle goen, geheescht huet, géif een déi aktuell Nouvelle vum Wiessel vun der Monnerecher LSAP-Presidentin bei d’DP zur Kenntnis huelen. Déi Monnerecher Sektioun vun der CSV géif sech en Dënschdeg den Owend treffen, fir déi nei Situatioun ze analyséieren.

D’Monnerecher LSAP-Sektioun reprochéiert der Christine Schweich iwwerdeems, hir politesch Responsabilitéit no hirem “ganz schlechte perséinleche Resultat” bei de Gemengewalen net iwwerholl ze hunn. D’Sozialisten bedaueren ausserdeem, si wären aus der Press vun der Christine Schweich hirem Wiessel gewuer ginn. D’LSAP fuerdert d’Christine Schweich op, hiert Mandat als Gemengeconseillère un d’Partei zeréck ze ginn.

PDF: Communiqué LSAP Monnerech

Back to Top
CIM LOGO