Traditionellen Neijoerschinterview mam Premier"Mäin Zil ass et, d'Saache besser ze maachen"

Céline Eischen
Am traditionellen Neijoerschinterview gëtt de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden zou, datt hie verschidde Saachen hätt kéinte besser maachen a sech dat fir d'nächst Joer zur Missioun gemaach huet.
Den traditionellen Neijoerschinterview mam Premier Luc Frieden

Mäin Zil ass et, d’Saachen am nächste Joer besser ze maachen: Dat sot de Premier Luc Frieden am traditionellen Neijoerschinterview mam Caroline Mart. De Regierungschef betount allerdéngs, datt hie weiderhin un de Mesurë festhält, déi seng Regierung am leschte Joer ëmgesat huet. Aner Sujete waren ënnert anerem och déi intern Stréimungen an der CSV oder och d’Relatioune mam Koalitiounspartner.

Jo dat politescht Joer 2025 war gutt gefëllt: Sozialdialog, Regierungsëmbildung, Pensiounsreform an eng vun deene gréisste Maniffen, déi de Grand-Duché bis elo kannt huet. De Regierungschef seet selwer, datt hien d’Detailer vun der ugangs ugestriefter Pensiounsreform net hätt sollten a senger Ried zur Lag vun der Natioun maachen:

Luc Frieden: “Ech hätt gären e Land, wou d’Leit zesummenhalen. Ech hunn net gären e Land, wou d’Leit op der Strooss jäizen. Wat ech wëll soen, wat ech héchstwarscheinlech géif anescht maachen, ech hätt net an der Lag vun der Natioun (an der Ried) solle soen, genee wéi mer eis déi Pensiounsreform virstellen.”

Dës Sätz sollten dann och Konsequenzen hunn, ma deene war sech de Luc Frieden esou direkt net bewosst:

Caroline Mart: “E méi e grousse Kaddo hätt Dir de Gewerkschaften net kënne maachen. Well déi hu gefaart virdrun, ob se iwwerhaapt genuch Leit kéinte mobiliséieren. An ausgerechent dee Saz war déi beschte Reklamm fir hir Manif. War Dir Iech däers bewosst?”
Luc Frieden: “Nee.”

Och wann et keen einfacht Joer gewiescht wier, esou wier de Luc Frieden awer zefridde mat der Aarbecht vu senger Regierung:

Luc Frieden: “Mir schwätzen elo schonn zwanzeg Minutten hei, wéi wann alles schif gelaf wär. Ech wëll Iech soen, an deem Joer, et war e super Joer, an deem ganz villes beweegt ginn ass. An ech sinn eigentlech, och wéi d’Kolleege vun der Regierung, net onzefridde mat deem, wat mer erreecht hunn. Vill Leit, déi ech begéinen, soe mer Merci, datt Der eis Kafkraaft gestäerkt hutt. Leit, déi sozial net gutt drop sinn, déi soen, gutt, datt Der eng Rei Aidë gehéicht hutt.”

D’Zuele vum neiste Politmonitor schwätzen do allerdéngs eng aner Sprooch. De Luc Frieden kënnt op d’Plaz 12, an et ass domat déi éischte Kéier, datt ee Regierungschef net an den Top 10 vertrueden ass. Dofir wier et dem Premier säin Zil d’Saache besser ze maachen:

Luc Frieden: “Et ass net mäin Zil, fir hannen ze sinn. Et ass scho mäin Zil, fir vir ze sinn. Ech hu virdru gesot: Mäin Zil ass et, et besser ze maachen. Mee ech mengen och, datt nach eng Kéier déi ganz schwiereg Dossieren elo hannert eis leien.”

De Koalitiounspartner DP kënnt an de Sondagen däitlech besser ewech, an dat obwuel d’Dossiere Sonndesaarbecht an Ëffnungszäiten och a bloer Hand sinn:

Caroline Mart: “Do ass jo awer net nëmmen d’CSV, do ass och e Wirtschaftsminister, dee voll mat responsabel ass. An et huet een den Androck, dass de Lex Delles et fäerdeg bruecht huet, sech awer zimmlech aus der Polemik erauszehalen. Huet deen eng besser Uluecht?”
Luc Frieden: “Vläicht.”

Déi ganz schwiereg Dossiere wieren dem Luc Frieden no elo gepackt. Dofir wéilt een elo no vir kucken, an de Regierungschef huet direkt e puer Mol ënnerstrach, datt de Grand-Duché an de Beräicher vun den technologeschen Innovatiounen an der Kënschtlecher Intelligenz eng féierend Roll um internationale Parquet soll anhuelen:

Luc Frieden: “Déi super Maschinnen, déi do entstinn, déi entstane sinn, duerch d’KI nach verbessert: ech gleewen un de Progrès duerch d’Technologie, ouni naiv ze sinn an net och Zäiteneffekter, déi negativ, ze gesinn, mee ech gesi méi dat Positiivt wéi dat Negatiivt, an ech hätt gären, datt eist Land an der Innovatioun an der éischter Rei géif stoen.”

Am Interview vun annerhallwer Stonn huet de Luc Frieden dann och nach op esou munch Fotoen a Posten op de soziale Medie reagéiert, an och op d’Feierlechkeete ronderëm den Trounwiessel zréckgekuckt.

Back to Top
CIM LOGO