
E Freideg am Nomëtteg war enger Patrull en Auto opgefall, dee fir d’éischt am Halteverbuet stoung an dono iwwer d’Tramsschinne gefuer ass, obwuel den Tram grad gefuer koum. D’Beamten hunn den Automobilist doropshi gestoppt. Bei der Kontroll huet de Mann däitlech alkoholiséiert gewierkt, huet awer net kooperéiert an den Alkoholtest refuséiert. Doropshi gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt. Well de Mann wéinst sengem Zoustand eng Gefor fir sech an anerer war, koum hien no enger Kontroll vun engem Dokter an den Arrest.
De selwechten Owend gouf en Auto op der A7 a Richtung Norde gemellt, deen a Schlaangelinne gefuer ass. Och dës Automobilistin konnt gestoppt ginn. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäin gouf agezunn.
Géint 20 Auer gouf e weidere Chauffer gemellt, dee wuel ze vill gedronk sollt hunn. Dat vun Altréier a Richtung Méchelshaff. Och hei hat de Chauffer ze vill gedronk an d’Beamten hunn e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.
An der Nuecht géint 2.30 Auer stoung op engem Parking um Houwald e weideren alkoholiséierte Chauffer, deen de Permis huet missen ofginn.